16 selwer geschnëtzten Holzfiguren e Wierfel an e Briet – dozou en Apropos vum Jean-Luc Thill

München, 1907 - an enger klenger Wunnkichen, bei aarme Leit doheem. Hei kniwwelt de Joseph Friedrich Schmidt un engem Berouegungsmëttel – net fir sech selwer, mä fir den Tatendrang vu sengen dräi Kanner, zwee Bouwen an e Meedchen, an där klenger Wunneng ze bremsen. Inspiréiert vun engem Spill, wat et schonns 2000 Joer gëtt: dat indescht Laafspill Pachisi, reduzéiert de Schmidt d'Regelen op dat Wesentlecht: Männercher lafen ëm e Kräiz am Krees a jiddereen kann deen aneren erauswerfen. Déi dräi Kanner, also de Franz, de Karl an d'Marta wäre begeeschtert. Vun elo u war Rou an där klenger Locatiounswunneng, dobäi gouf sech um Kichendësch nawell oft geiergert an dat mat vill Freed. Oft huet den Papp „Mensch ärgere dich nicht“ zu senge Kanner gesot, an sou hat en och e Numm fir séin klengt Spill fonnt.

Sou richteg geiergert huet sech awer just de père Schmidt himself: well ausser sech selwer konnt e soss kee fir säi Spill begeeschteren. Sou bleift en op deene puer selwer gebastelten Exemplairë sëtzen. An Europa war grad den 1. Weltkrich ausgebrach an de Leit war d'Loscht op d'Spille vergaangen. De Schmidt huet awer net opginn an e puer dausend Exempläre professionell produzéiere gelooss. Dës huet en u Krich-Lazaretter gespent, fir déi verwonnt Zaldoten ofzelenken an opzemonteren. Ob elo aus Patriotismus oder als Marketingstrategie, d'Rechnung ass allzäit opgaangen: den Zaldoten huet d'Spill gefall an de Münchener Geschäftsmann konnt säi Brietspill schonns 1920 méi wéi 1 Millioun mol verkafen – an ass bis haut méi wéi 90 Millioune mol iwwert den Dësch gaangen.

„Mensch ärgere dich nicht“ feiert awer net nëmmen als Brietspill 100 Joer – och als Gesellschaftsspill ass et ëmmer nach aktuell – allem virop an der Politik. Fir datt déi Häre Politiker awer net ëmmer Place public oder de Mikro an der Chamber mussen opsiche mam Ziel deen een oder aneren eraus ze dicksen, Persounen sou gutt wéi Iddien, bréngt hoffentlech de Kleeschen eise Politiker e klassescht „Mensch ärgere dich nicht“-Spill. Well de Wonsch no engem méi wichtege Stull kann och den hellege Mann net jiddwerengem erfëllen. Wat gutt Follechen a Schecken ubelaangt huet de selwechten alen Här bal besser blann an daf ze sinn – soss geet et mol fir en hongeregt Brietspill bal sécher net duer. Da kënnen se wéi, dem Schmidt seng Kanner, hir Roserei beim Spill erausloossen, fir duerno, an aler Rou, e puer Iddien auszedenken, déi dem Land an de Leit déngen an net eenzeg an eleng der Fuerf vun den eegene Männercher! Net datt mer duerno nach feststelle mussen: „Mensch, ärgere dich nicht ... umsonst!“