Laisse-toi vivre!

Heiansdo fale Sätz, déi engem net méi aus dem Kapp ginn an déi engem ëmmer nees ze denke ginn. Dem Christiane Kremer ass d'lescht Woch och sou ee begéint.
Et ginn se, déi berühmte Sätz vun de berühmte Leit ... Dem JFK säin historesche Berlin-Saz oder dem Descartes seng philosophesch Iwwerleeung oder dem Julius Caesar säi militärescht Zitat oder dem Martin Luther King säin Dram. Et ginn déi bekannten éischt Sätz wéi dee vum Neil Armstrong um Mound oder vum Thomas Edison an en Telefon - et gi Ligen, déi spéider erauskommen, wéi beim Bill Clinton, an et gëtt Sätz, déi huet ni ee gesot an awer halen se sech a gi Kult, wéi zum Beispill bei der Krimi-Serie Derrick ...
Nee, ech soen déi Sätz elo net, bestëmmt wësst Der se souwisou, wann net lount et sech sécher, sech eemol Zäit ze huelen an se nozesichen.
Jo, an da ginn et déi Sätz, op déi een an deem éischten Ament emol net reagéiert, well se och net vun enger wichteger Perséinlechkeet a bei enger wichteger Geleeënheet gutt iwwerluecht gesot ginn an awer spontan kléngen, mä well se sou niewebäi falen an op eemol eréischt hir Bedeitung kréien.
D'lescht Woch war ech mat engem Grupp Leit ënnerwee, bei deem net jidderee sech um Ufank kannt huet a bei deem permanent tëscht de Sproochen hin- an hiergespronge gouf. Um Ufank vun der Rees, wéi nach net jidderee genee wosst, wéi laang mer wou wieren a wat ze maachen, ze plangen, z'organiséiere wier a wéi alles géif oflafen, waren e puer Gespréicher mat ville Froen opkomm. An dës ganz Opreegung eran sot eng franséisch Kollegin op eemol ganz roueg ee Saz: „Laisse-toi vivre!“
Um Ufank hunn déi 3 Wierder immens banal geklongen a bal ware se am Gespréich ënnergaangen - an dunn op eemol kruten se sou eng onheemlech Importenz. Si waren net direkt eng Explikatioun, net direkt eng Berouegung a sécher och keng bëlleg Floskel.
Si waren op eemol einfach do an si bloufen de Motto vun enger ganzer Woch. A bestëmmt nach méi laang, soss géif ech jo elo net dervu schwätzen.
Natierlech war ech dat och emol „googlen“. Fonnt hunn ech, datt et emol e Lidd vum Michel Berger war an en Deel vun engem Zitat vum Jean Giono. Dat muss een awer net wëssen - besser et weess een eppes dermat unzefänken.
Dofir: Laissez-vous vivre!