D'Fro vum Hung a vum Ee oder ob den Zweck Mëttel hellëgt kann een och nach anescht stellen an zwar, Jean-Luc Thill ...

Gëtt Erfolleg engem automatesch Recht? Bezitt een dës Fro heiheem op Politik, dann ass d'Äntwert zweemol: neen! D'CSV hat 60 Joer Erfolleg a sollt net Recht behalen – spréchwuertlech gesi gouf aus dem Erfolleg Héichmut an dëse kënnt bekanntlech virum Fall. Déi Nei alias Gambia haten dogéint sou just Erfolleg a riskéieren net Recht ze kréien: Och wann nom Adam Riese 51% méi wéi d'Halschent sinn a bleiwen, sou heescht dat nach laang net, datt dës Arithmetik sech einfach eent zu eent op d'Politik  iwwerdroe léisst.

Erfolleg mécht virun allem eppes: an zwar blann. Sou dabbert d'Oppositioun blann ronderëm – ähnlech dem Kant sengem grousse Virworf géint déi traditionell Metaphysik – an dat och hei just tëscht Begrëffer.

Déi Nei alias Gambia schénge blann vu Muecht ze sinn oder soss engem schaarf fokusséierte Bléck op Privilegien & Co.

Fir deem entgéintzewierken, bräicht een e Remède, e Géigemëttel oder en Antidote! Déi geet och – an zwar minimal als Educatioun an am Idealfall als Bildung. Wien elo denkt, dat wier jo dann eng einfach Saach, deen huet nach kee Bléck op den Ziedel mat de Risiken an Niewewierkunge vun Educatioun a virun allem der Bildung geworf. Doduerch, datt dës weder wierklech populär, nach populistesch ass, ka se och net zesumme mat Politk geholl ginn. Politik verdréit nëmme sou vill Bildung, wéi noutwendeg ass, fir de System um Lafen ze halen – eng Iwwerdosis géif d'Gefor mat sech bréngen, datt ee selwer ugegraff géif ginn a mat Komplikatiounen rechne misst. Déi international bekannteste Lobby vun der Politik ass an dësem Kontext d'OECD mam Stéchwuert Pisa-Studien, wou den Erfolleg definitiv als richteg Entscheedung geweit gëtt an deemno Recht kritt.

Egal wéi blann een dann elo ass an aus wellechen Ursaachen et och dozou koum, d'Politik wäert schonns kucken, fir kuerz virun der nächster Legislaturperiod dem eegenen Erfolleg dat néidegt Recht ze ginn, fir datt de Bierger och kloer geséit, firwat et nëmme sou an net anescht ka sinn – well Mësserfolleg gëtt engem net direkt Onrecht – jiddefalls net an den eegene Reien.