Keng Mauer méi

E Sonndeg huet Berlin gefeiert- et sinn 25 Joer hier, datt d'Mauer deemools gefall ass. En Evenement, dat een net soll vergiessen, seet d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
Et war sou e Gefill vu Liewegkeet, vun Erliichterung, vu Freed a vun Optimismus, datt elo endlech dat Gespenst vun dem Kale Krich eriwwer wier, datt endlech dat schwaarz-wäisst Gespenst tëscht deem Westen an dem Oste vun Europa géif verschwannen, well et war een deemools och net ëmmer der Meenung, déi Gutt wieren op dëser Säit vum eisene Riddo. Do hunn d'Oprüstung an d'Provokatiounen tëscht de sougenannte Groussmuechten op den zwou Säiten sech dacks d'Staang gehalen. An awer hu musse Maueren agerappt ginn- eng materiell a vill bildlecher- fir Europa mol nees als Kontinent zesummenzekréien. Deemools ware mir aner jonk an hunn eis gesot: mir erliewe Geschicht, zum Beispill wéi mer den éischten Trabi vrun der Villa Louvigny gesinn a sengem Chauffer felicitéiert hunn. An deemools konnte mer eis net erënneren, wéini déi Mauer do opgeriicht ginn ass. Si war iergendwéi schonn ëmmer do.
E Sonndeg war d'Mauer zu Berlin a Form vu wäissen a beliichte Loftbäll nees opgeriicht ginn an huet sech am spéiden Owend am richtege Sënn vum Wuert a Loft opgeléist. Um Brandenburger Tor gouf gesongen a eng ganz jonk Generatioun stoung do, huet matgefeiert a sech sécher gefrot, wéi dat dann deemools muss gewiescht sinn, wéi déi Mauer gefall ass, déi fir si dach e Relikt aus enger Zäit vrun hirer Zäit war.
Wéi schéin, wann een déi Grenz an dee Broch nëmmen aus den Erzielungen an de Geschichtsbicher kennt oder vun de Biller op der Tele.
A wéi schéi wier et, wann dat och kéint sou weidergoen! Leider ass dat Gespenst vum Kale Krich nees do, vum Net-Dialog tëscht zwou oder souguer méi Groussmuechten.
„Kale Krich“- en Ausdrock, deen an de leschten Deeg och vun engem Mann gebraucht gouf, deen e Sonndeg zu Berlin matgefeiert gouf, als Held vun deemools: de Michail Gorbatschow. A senger Heemecht war en ni sou populär, wéi am Rescht vun Europa- kee Wonner doheem waren aner Problemer ze léisen.
Lo schwätzt en nees a warnt- warnt derfir nees an al Gewunnechten ze verfalen. Schwaarz-wäisser! Sou wéi deemools, wéi d'Mauer nach stoung.