Lampertsbierg-Kierchbierg: 55 Minutten – just Aller!

D'Streck vum Lampertsbierg op de Kierchbierg ass 5,5 Kilometer laang. Net méi an net manner- e Wee deen zu Fouss bei guddem Wieder gutt ze maachen ass, zum Beispill fir owes no der Aarbecht heemzegoen. D'Christiane Kremer huet dat scho méi dacks probéiert.
Dofir hunn ech da gutt a gär 55 Minutte gebraucht, meeschtens war ech och net weider presséiert, hunn et genoss nach e bëssi Bewegung ze hunn an de Wee an dat wat ronderëm de Wee war, einfach emol anescht gesinn an entdeckt.
Moies fréi hunn ech bis elo nach net probéiert zu Fouss ze goen, well ech dach net wollt sou laang ënnerwee sinn- deemno dann awer léiwer den Auto geholl fir a knapp 20 Minutten unzekommen. Oder eben de Bus, fir alt e bëssi nohalteg an ëmweltfrëndlech an och e bëssi confortabel ze denken- ëmmerhin ass et och flott sech féieren ze loossen, alt nach eppes ze liesen an schonn emol Kontakt mat anere Leit ze hunn. Den nooste Busarrêt ass grad emol 100 Meter ewech an de Bus kënnt quasi all 10 Minutten, natierlech féiert dee mech dann awer net direkt dohinner, wou ech wëll, dofir muss ech dann nach emol um Centre Hamilius ëmsteigen, och net weider schlëmm. Fir direkt op en Arrêt ze kommen, wou de Bus, deen ech brauch fortfiert, kann ech awer och 10 Minutte schëtzeg zu Fouss goe bei d'Fondation Pesactore, och dat ass keng Hexerei.
Gëschter Moien, well et gereent huet an ech nawell e bëssi ze droen hat, hunn ech um 10 op 8 op menger Bushaltestell de Bus pünktlech geholl a war mer sécher, ech wier fir d'Reunioun um véierel op 9 gutt mat Zäit do. Beim Ëmklammen um Centre Hamilius stoung op dem Panneau an 10 Minutte wier de Bus do. 10 Minutten, déi op mannst 10 Minutten ugeschloe waren, bis op eemol e puer Autoe gewise goufen, dat ass d'Zeeche fir ze weisen: de Bus steet am Stau. Déi aner Bus-Alternativ mat Arrêt méi wäit ewech, hat dat selwecht do stoen. Den Aarbechtskolleg vu Bouneweg nieft mer, war alt méi berouegt wéi ech, ëmmerhi war seng Reunioun eréischt um hallwer 11. Op seng Fro „Mengs de mam Tram géif dann elo alles besser goen?“ hu mer eis allen zwee déi selwecht Äntwert ginn „Méi schlecht kann et sécher net goen!“ Well dës Situatioun ass quasi all Moien déi selwecht.
Iwwregens um genee 5 Minutten op 9 sinn ech dunn zur Dier vu mengem Büro erakomm, just nach pénktlech fir d'Reunioun.
55 Minutten- grad esou laang wéi wann ech zu Fouss gaange wier!