Wäiss Ligen
An enger aler Ried heesch et: D'Welt wëll bedru ginn, also gëtt se och bedrunn. Dozou en Apropos vum Jean-Luc Thill.
Wahrscheinlech litt jiddereen vun eis puermol am Dag. Dat fänkt spéitstens un mat der Äntwert „Et geet mer gutt!“ och wann dat guer net de Fall ass an et eis am Fong schlecht geet. Eréischt wann et eis da wierklech miserabel geet, äntwere mer vläicht mat „Am Moment net wierklech besonnesch!“ wat streng geholl och schonns erëm eng Ligen ass. Well dës Äntwert awer dacks eng Rei vun weideren Froen ausléist oder engem gutt gemengten empatheschen Rotschlo, bereien déi meescht zimlech schnell hir Éierlechkeet. „White lies“ - wäiss Ligen - nennen d'Englänner dës Zort vum Léien. Et geet drëms eisen Alldag virun Agrëffer wéi Iwwergrëffer vun eise Matmënschen ze schützen.
Wäiss Ligen solle deemno virun allem eppes verhënneren: weider quokeleg Froen. Si sinn och net ze verwiesselen mat der Noutligen, déi allgemeng moralesch akzeptéiert ass.
Wäiss Ligen ginn et och an der Politik. Gëtt e Minister gefrot, op eng eng Maîtresse huet, da ass et legitim op eng wäiss Ligen zeréckzegräifen fir déi eegen Privatsphäre ze protegéieren. Natierlech muss en och hei tëscht den Kulturen differenzéieren. So gëtt a puritanesche Gesellschaften vill Wäert op ëffentlech Rechenschaft geluecht, dem Henry Miller séin Theaterstéck „The Crucible“ liwwert do en interessant Beispill. An eisem Kulturkrees wou d'Ligen eng regelrecht Traditioun hat an huet, ugefaang beim Hellege Mann mat sengem däischtere Gesell bis hi bei Vertréischtung op en paradisescht Duerno, kann een dovunner ausgoen dat dem Politiker seng wäiss Ligen beim Bierger duerchgeet.
Do wou et awer exklusiv ëm ëffentlech Affairen geet, also net ëm déi nei Grozone tëscht Privatem a Publikem, déi duerch déi géigewäerteg Mediëlandschaft permanent wiisst, do sinn Konditiounen fir sou eng „white lie“ seelenst erfëllt. Bedenkt een dobäi dat Politik duerch hir Ministerialbürokratie och nach e privilegéierten Zougang zu Informatiounen huet, dann erwaart de Bierger sech en responsabelen Ëmgang domadder, also een deen bei der Wourecht bleift. Déi Methode fir mat der Wourecht ze léien, déi et an der Politik zu enger gewësser Perfektioun bruecht huet, féiert iwwert kuerz oder laang bei den Bernard Shaw, déi gemengt huet: déi gréisste Strof fir de Ligener ass net déi dat kee méi him gleeft mä déi dat hien selwer kengem méi gleewe kann oder wéi seet en russescht Sprachwuert: mat der Ligen kenns de duerch d'Welt awer net méi zréck.