Jiddereen ass eegen, dat ass och gutt esou, mä muss een dofir sech selwer sou eenzegaarteg fannen? De Roland Kalte iwwerschreift dofir säin Apropos haut "Ewech a mech!"

Ëmmer méi Leit – "echbezunn". Ouni Intressien op laangfristeg Bindungen an der Zukunft, ouni historescht Gefill, liewe just am Ablack an ëmmer op der Sich no sech selwer.
Soss war et d’Bescheidenheet oder och d’Fäegkeet sech Autoritéiten ënnerzeuerdnen, déi virbildlech waren, haut ass Virbild, ween dat Bescht aus sech mécht. Ween eppes Besonnesches ass, existéiert, deen ass do, deen hannerléisst Spueren. D’Logik vun eiser Zäit. Dozou gehéiert automatesch d’Inszenéierung vum Selwer als eppes Besonnesches oder esouguer Eenzegaarteges. Sech duerchsetzen, seng Iddi duerchzéien ouni Récksiicht op Verloschter.

Kee Wonner also, dass „Selfie“ d’lescht Joer zum gängege Wuert vum Joer gewielt gouf. All banal Aktioun gëtt als Foto gepost. Ech am Supermarché, ech op der Terrass, ech, wou ech eng fëmmen, ech a nach eemol ech am Spigel, asw. An ëmmer mat der Meenung, dass et d’ganz Welt intresséiert.

Wou kéint déi Loscht hier, sech selwer – eleng oder mat anerer – bal permanent ze fotograféieren an déi Biller deenen aneren - am beschten all - ze weisen.
Wëlle mer esou deem Malaise vun eiser Eenzegaartegkeet entgoen? All Bild suggeréiert wéinstens en Hauch vun technesch produzéierter Onstierflechkeet. Déi manesch Bildsucht. E verzweiwelte Kreesch no Opmierksamkeet. Ma kuckt mech dach!

Etuden hu gewisen, dass Face-Book-Notzer, déi hire Profill besonnesch dacks aktualiséieren a stänneg nei Fotoen vu sech posten, méi héich Narzissmus-Wäerter hunn. D.h. Persounen, deene näischt méi wichteg ass wéi hiren Ego a permanent d’Opmierksamkeet vun deenen anere brauch. Si dréine sech ëm sech selwer. Berlusconi, Ronaldo, Hoeness, Madonna, Steve Jobbs, Dieter Bohlen, Napoléon – alles esou Ego-Mënschen.
Bal 2/3 vun de Studente vun haut leien iwwer de Narzissmus-Wäerter vun deene Generatioune virdrun, ... gouf an enger Laangzäitetude an Amerika erausfont. An och bei eis geet d’Tendenz a Richtung narzisstesch Gesellschaft. A Portale wéi Facebook sinn déi modern Spillwiss fir Narzissten.

AUDIO: Apropos: Ewech a mech!