A senger Carte Blanche mécht de Paul Rauchs sech Gedanken iwwer Commemoratioune vu rechts a riets.

"Mieux vaut se tromper avec Sartre, que d'avoir raison avec Aron". Esou soten d'Studenten am Mee 68, well se de lénke Sartre, dee sech heiansdo geiert huet, léiwer haten, wéi dee rietsen Aron, deen och net ëmmer Recht hat. Ech war deemools nach ze jonk, fir den Optimismus vun 68 ze deelen, mä ech sinn haut nach net ze al, fir de Pessimismus vun 2018 ofzeleenen. "Soyons réalistes, demandons l'impossible! L'imagination au pouvoir! Ne pas céder sur son désir ! Sous les pavés la plage!", dat waren nëmmen e puer vun deene sëllechen optimistesche Sloganen deemools, déi näischt konkret gefuerdert hunn, awer alles direkt gewollt hunn. Haut läit de Pawee an de Pëtrol op der Plage, an net d'Imaginatioun, mä d'Rechemaschinn ass un der Muecht. War Mee 68 also näischt aneres, wéi e Brainstorming an engem Humpen? Loosse mer et esou soen: Fir d'Droite huet dee Mee do ze vill bruecht, fir d'Gauche net genuch.

Et ass op jidder Fall symptomatesch, dass Frankräich sech esou schwéier deet mat dem 50. Gebuertsdag vu Mee 68, wéi Tréier mat dem 200. Gebuertsdag vum Karl Marx. Um rietse Spektrum gëtt net vill Guddes un deem Engen, wéi un dem Anere gelooss: De Marx huet de Gulag um Gewëssen, an no 68 huet d'Chienlit sech an der Gesellschaft breet gemaach, wéi en Hond a sengem Bett: D'Autoritéit ass futsch, d'Schoul huet seng Basics verroden esou wéi d'Fraen hiert Kachdëppen an d'Ëmwelt hëlt sech geschwë méi wichteg wéi de Profit. A sengem Film ass den Andy Bausch wuel net grad esou streng mam Mee 68, mä e reduzéiert en op eng fiicht a lëschteg Party vun e puer Fils-à-Pappaen, woubäi en iwwersäit, datt "des petits de bourgeois" net onbedéngt des Petit-Bourgeoisë sinn.

Op dem lénke politesche Spektrum par contre ass ee frou, dass de Marx 2018 am Mee gefeiert gëtt. Hie war nämlech mam Freud ee vun de Modeller vun 68, esou wéi de Voltaire an den Diderot se fir 1789 waren. Fir si steet de Mythos vun 68 nieft der RévolutionFrançaise an dem Venceremos vum Fidel Castro fir d'Romantik an der Revolutioun, och wa si vill ze dacks hir eegen an och deenen aneren hir Kanner frësst. Mir kënnen eis dëser Deeg deene sëllechen a kontradiktoresche Bilanen net erwieren, déi opgestallt iwwer d'Konsequenze vu Marx a Mee. Eppes kënne mer allerdéngs feststellen: Se sinn allen 2 net dout, well d'gëtt net nëmme Guddes iwwer se erzielt.

An hei mäi provokative Fazit, fräi nom Slogan vun 68: Léiwer nostalgesch mat der Gauche, wéi realistesch mat der Droite. Oder solle mer soen: Léiwer produktiv mat deene Lénken, wéi produktivistesch mat deene Rietsen!