Dozou eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten.

AUDIO: Eng Carte Blanche vum Robert Weber

Den ArcelorMittal-Stolkonzern wëllt dat italienescht Stolwierk ILVA kafen. Esou en Dossier muss da bei der EU-Kommissioun eragereecht ginn, wou gekuckt gëtt, ob bei esou enger Fusioun och déi europäesch Wettbewerbsregele respektéiert ginn. Zu dësem Fusiounsprojet gehéiert, dass den ArcelorMittal-Konzern Wierker an Italien, Belsch, Rumänien, Mazedonien,Tschechien an Lëtzebuerg, nämlech d’Wierk Diddeleng, verkafe wëll.

Wéi dëst bekannt gouf, war et ganz natierlech, dass hei di Beschäftegt an hir Gewerkschaften sech Suerge ëm hir Aarbechtsplaz gemaach hunn, jo esou guer reegelrecht Angscht kruten.

Ech hunn dat Spill dacks genuch a mengem Beruffsliewe matgemaach. Mir hunn eis da mat der Regierung un en Dësch gesat an den Dossier an all sengen Elementer diskutéiert, och huet sech d’Regierung mat dem Betrib a Kontakt gesat a fir di néideg Transparenz gesuergt.

Ech war elo erstaunt, wéi de Wirtschaftsminister verlaude gelooss huet, dass hien zesumme mat dem Diddelenger Buergermeeschter e Bréif un den EU-Kommissiounspresident Juncker geschéckt huet, wou si uprangeren, dass ArcelorMittal vun der EU-Kommissioun verflicht géif, aner Wierker ze verkafen.

De Minister misst dach d’Prozedure besser kenne wéi ech?!

De Vertrieder vun der EU-Wettbewerbskommissarin Margrethe Vestager huet dann och direkt ganz verwonnert geäntwert, dass bei engem Fusiounskontrollverfahren de jeeweilege Betrib Wettbewerbsbedenke widderleeë muss. D’Kommissioun géing net virschreiwen. ob Wierker verkaaft misste ginn. Den hei ugeprangerte Verkaf vum Wierk Diddeleng wier eng reng kommerziell Decisioun vun ArcelorMittal.

Weider schreift d’Kommissioun, dass si de Verkafspak nëmmen akzeptéiere géif, wa kloer wär, dass déi ze verkafen Wierker och bei dem neien Proprietär liewensfäeg an dauerhaft funktionéiere géifen.

Diddeleng ass also eng reng kommerziell Decisioun vun eisem Stolkonzern!

Elo stellt sech awer bei mir d’Fro, ob de Wirtschaftsminister iwwert dës Decisioun net vum Regierungsvertrieder am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal informéiert gouf?

Ech kennen dëse Vertrieder ganz gutt a sinn och iwwerzeegt vu senger Gewëssenhaftegkeet.

Bleift also eng Schlussfolgerung:

Mir hunn den Hierscht Walen.

Do deet esou e Coup gutt, wou een der Ëffentlechkeet virgaukele kann, wéi ee sech Suergen ëm Aarbechtsplaze mécht.

Et ass awer alles anescht wéi „staatsmännesch“, wann e Politiker mat der Angscht vun de Leit spillt.