Firwat d’europäesch Petitioun "wearewelcomingeurope" ënnerstëtzen?

Als Bierger, dee Mënscherechter als e fundamentale Grondwäert betruecht, stéisst déi lescht Joren d’Haltung vun Europa zur Flüchtlings- a Mmigratiounspolitik op Onverständnes an Entsetzen.
Ewéi ass dat méiglech, datt en Europa, wat sech zu chrëschtleche Wäerter bekennt, Gesetzer stëmmt ewéi z.B. a Frankräich, wou hëllefsbereet Mënsche bestrooft ginn, well si illegal Migranten ënnerstëtzen. Mënsche gi veruerteelt, well se aneren hëllefen?! An 12 Länner an Europa ass dat den Ament de Fall.
D'Haltung vu Länner wéi Ungarn, déi Flüchtlingen, dorënner Kanner, virum pickegen Drot hirem ausweelose Schicksal iwwerloossen, oder Griicheland, wou an total mënschenonwierdegen Zoustänn Dausende vu Flüchtlingen a vill ze kleng Lager geperscht ginn, op Inselen, wou si net fortkommen a wou se Joren op eng Äntwert op hir Flüchtlingsdemande waarden. Italien, wou Migrante récksiichtslos ausgenotzt ginn a fir en Hongerloun z.B. an Uebstplantage schaffen, mafiéise Banden ausgeliwwert sinn an dat mam Wësse vun der Politik! Hei muss Zivilgesellschaft d’europäesch Politik dozou bréngen d’Fro vun de Migratiounen an Europa op mënschlech Aart a Weis ze reegelen.
D’Initiativ Citoyenne Européenne (ICE) «Mir sinn e gaaschtfrëndlecht Europa. Loosst eis hëllefen !» ass eng europäesch Petitioun, déi fuerdert, datt Europa zeréckkënnt op seng Grondwäerter vu Mënschlechkeet an Toleranz. D’europäesch Kommissioun soll konkret Garantië ginn, fir méi effikass Reegele géint de Mënschenhandel, fir datt fundamental Mënscherechter net un eisen europäesch Aussegrenze violéiert ginn.
D'Zivilgesellschaft ass bereet an dëser Fro seng Verantwortung ze huelen. Millioune vun EU-Bierger, dorënner och vill Awunner aus eisem Land, hu sech fir d'Flüchtlinge mobiliséiert.
Déi enorm Solidaritéitsbewegunge beweisen déi 85 Projeten, déi iwwert d’Oeuvre Grand-Duchesse Charlotte bei eis finanzéiert goufen. Si hunn et erlaabt d’Erausfuerderunge vun der Flüchtlingskris bei eis opzefänken.
D'Petitioun Initiative Citoyenne Européenne (ICE) « Mir sinn e gaaschtfrëndlecht Europa. Loosst eis hëllefen!» fuerdert d'Kommissioun an d'Europaparlament op, der Zivilgesellschaft ze erlaben, direkt Flüchtlingen aus de Kriselänner bei eis opzehuelen an esou eng optimal Integratioun ze garantéieren.
Mat enger Ënnerschrëft gi mir Bierger e staarkt Zeechen, fir Grondwäerter wéi Mënscherechter an Toleranz, fir e mënschlecht an oppent Europa, géint Populisten a Rietsextremismus.
Ënnerschreift d'Petitioun, gitt op asti.lu oder op weareawelcomingeurope.eu.