Verfassungsreform

A menger éischter Carte Blanche wëll ech mech mat der Constitutioun befaassen. Net nëmmen well d’Institutiounskommissioun vun der Chamber leschte Mëttwoch no 20 Jor Aarbecht de Rapport ugeholl huet, mä virun allem well et dee wichtegsten Text ass an onsem Rechtssytem.
An Däitschland heescht et Grundgesetz, well et ass deen Text, deen iwwer all deenen anere Gesetzer steet. Wéineg Bierger maache sech Gedanken iwwert d’Verfassung an dach musse mer ons bewosst sinn, dass et deen Text ass, deen onse Staat organiséiert an ons Grondfräiheeten garantéiert. D’Verfassung ass am Fong e Sécherheetsgurt, dee verhënnert, dass einfach Majoritéite fir Gesetzer kënne stëmmen, déi géint déi Grondrechter verstoussen. Hei zu Lëtzebuerg huele mer déi Grondfräiheeten als eppes Selbstverständleches un. Eng onofhängeg Justiz, eng fräi Presse, Glawensfräiheet ënnert anerem. Dass dat awer net esou selbstverständlech ass, gesi mer an enger Rei Länner, och an der EU, wou z.B wéi elo a Polen de Justizminister d’Funktioun vum Procureur Général iwwerholl huet.
Ons aktuell Verfassung staamt aus dem Joer 1868. Den haitegen Text ass deem vun deemools nach ganz ähnlech, och wann en natierlech dacks an eenzele Punkten ofgeännert ginn ass.
Eng allgemeng Refonte vun onser Constitutioun ass onëmgänglech ginn, fir ee fir allemol mam Gepléischters un engem 150 Joer alen Text opzehalen an d’Dispositiounen an onser Verfassung un déi haiteg Gesellschaft unzepassen.
Hei e puer Eckpunkte vun der Revisioun:
- De Katalog vun de Grondrechter a Fräiheete gëtt ausgebaut.
- D’lëtzebuerger Sprooch gëtt an der Constitutioun verankert genee wéi d’Méisproochegkeet.
- D’Pouvoiren vum Grand-Duc ginn un d’Realitéit, wéi se haut schonn ausgeüübt ginn, ugepasst.
- De Fonctionnement vun der Regierung gëtt méi am Detail beschriwwen.
Den Text ass elo fäerdeg an dréit net nëmmen de villen Avise Rechnung, déi eragereecht goufen, dorënner virun allem deene vum Staatsrot an der Commission de Venise vum Conseil de l’Europe, mä beinhaltet och Propositiounen, déi d’Bierger der Chamber eragereecht hunn. Wéi schwiereg awer esou eng Reform ass, mierkt een un de ganz divergenten an dacks kontradiktoresche Meenunge vun onofhängege Constitutiounsexperten. All deenen, déi un dëser riseger Aarbecht bedeelegt waren, gëllt onse Respekt an e grousse Merci.
Ech bedaueren, dass den Text, deen an der Kommissioun vun de Majoritéitsparteien an och vun der CSV a bei der Enthalung vun déi Lenk gutt geheescht gouf, elo net méi virun de Walen an d’Chamber kënnt, well d’CSV sech deem opposéiert obwuel se mam Text d’Accord ass.
Fir mech ass dat onverständlech, well d’Verfassung ass ze vill wichteg, fir doraus e parteipolitesche Spillball ze maachen.