Dem Här Bettel seng Nationalgalerie

Enn des Joers plënnert d’Nationalbibliothéik an en neit Gebai um Kierchbierg. Da gëtt den ale Kolléisch mëtten an der Stad fräi. De Staats- a Kulturminister Xavier Bettel huet eng Iddi , wat domat geschéie soll.
Wann d’Gebai vum ale Kolléisch niewent der Kathedral am Häerz vun der Stad fräi gëtt, hunn ons Autoritéiten e Problem. Deen ass net nei a gëtt ëmmer méi grouss, nämlech: wat maache mat de villen historesche Gebaier, déi fir haiteg Zwecker net méi ze gebrauche sinn?
Zu Lëtzebuerg war an ass den éischte Gedanken oft: entweder e Musée oder soss eppes Kulturelles drasetzen. Dofir krut d’Nationalbibliothéik den ale Kolléisch, den Nationalarchiv eng al Kasär um Hellege Geescht, de Stater Geschichtsmusée den ale Conservatoire.
An där Logik lancéiert de Kulturminister Xavier Bettel d’Iddi, am ale Kolléisch eng Nationalgalerie anzeriichten. Kultur ass ëmmer gutt, besonnesch wann se national ass. En anert beléiften Thema an der Politik sinn d‘Wunnengen. Well géint Kultur a Wunnenge keen eppes kann hunn, soll also am ale Kolléisch eng Nationalgalerie mat Wunnengen kommen!
Mais dem Här Bettel seng Iddien dozou sinn alles anescht wéi kloer. Dat konnt ee feststellen, wéi en an der Chamber doriwwer geschwat huet. Hie sot de 15. Mee, et léich vill Konscht a Keller a Späicher. Wat wëllt hien domat soen? Soll de Staat dat alles sammelen?
E sot och, d’Lëtzebuerger Konscht misst dokumentéiert ginm. Also wéi fir den Audiovisuel oder d’Literatur een Zentrum fir d’Lëtzebuerger Konscht schafen?
Da seet en, d’Nationalgalerie sollt awer keng eege Kollektioun opbauen. Op kee Fall soll double emploi mat bestehenden Institutiounen entstoen.
200 Meter vun der zukünfteger Nationalgalerie steet de Musée national d’histoire et d’art, dee Konscht och vun eenheemesche Kënschtler sammelt a weist. Wat bréngt eng Nationalgalerie da méi ?
Eigentlech näischt, ausser et géif een an der Konscht dat Nationaalt eraussträiche wëllen, dat typescht Lëtzebuergescht. Dat kontert den Här Bettel selwer, andeem e seet, dass d’Nationalgalerie op kee Fall ee Ghetto soll sinn.
Wéi wär et dann, wann de Kulturminister nach eng Kéier schaarf nodenken géif?
Da géif en seng Iddi fale loossen an de bestehende Kulturinstituter, déi alleguer dat maachen, wat d‘Nationalgalerie soll maachen, méi Suen a méi Leit ginn.
Dat wär éischtens eng nei Verwaltung manner an et géif zweetens kee Gerangels ënner Verwaltungen, déi sech ëm datselwecht bekëmmere wäerten.
Gutt um Här Bettel senger Iddi ass, fir am Stadkär, wou keng Leit méi wunnen, Wunnengen ze schafen. Ech gesinn de ganzen ale Kolléisch ronderëm déi zwee gemittlech Bannenhäff ganz gutt als Wunnraum fir jonk Familljen.
Dora soll de Staat zesumme mat der Haaptstad investéieren, well domat kéimen normal Leit an d’Stad wunnen amplaz nëmmen där, déi bis zu 25.000 EUR de Quadratmeter a Luxuswunnengen an der Alstad bezuele kënnen.
Da géif den Här Bettel sech zwar kee Monument setzen, mä e géif direkt eppes Nëtzleches fir d’Leit, fir d‘Stad an fir d‘Konscht zu Lëtzebuerg maachen.