« Evangelii Gaudium »

An Europa, a besonnesch am Finanz- a Wuelstandsparadäis Lëtzebuerg si verschidden Aussoen an Iwwerleeungen net gär gesinn, jo reegelrecht verpönt oder awer enger intellektueller Elite reservéiert, déi sech dann dorunner däerf ergötzen, ouni datt awer d’Vollek sech domadder auserneesetzt. De Paul Hammelmann zitéiert der e puer dovunner an senger Carte Blanche.
Wat ass dat fir eng Gesellschaft, wou eng Persoun, déi vu Keelt op der Strooss stierft, manner Schlagzeile wäert ass, wéi e Verloscht vun 3 Punkten op der Bourse?
Wat ass dat fir eng Gesellschaft wou mer Iesswueren ewech geheien, während aner Leit vun Honger krepéieren?
Wat ass dat fir eng Gesellschaft wou de Manktem u Respekt a Gewalt dagdeeglech zouhuelen a wou sozial Diskrepanz ëmmer méi grouss gëtt?
Wat ass dat fir eng Gesellschaft wou haaptsächlech iwwer Kompetitivitéit an iwwer Problemer vun de Magnaten diskutéiert gëtt a wou Steierevasioun a Korruptioun stroffräi ronderëm de Globus praktizéiert ginn?
Eng Gesellschaft, wou d’Geld regéiert an d’Maximiséierung vum Profit Kultstatus huet, wou d’Politik d’Recht ofgeschwat kritt an d’Wirtschaft anzegräifen a wou eng nei, onsiichtbar Tyrannei, heiansdo just virtuell, sech installéiert huet, d’Tyrannei vum Fric!
Mir hunn nei Idoler geschaf, d’Idolatrie vum gëllene Kallef huet haut, an enger Gesellschaft ouni Gesiicht, dem Fetischismus vum Fric Plaz gemaach, an de Mënsch gëtt just nach als Konsumschwäin ugesinn.
Eng Welt, wou verschidde Patrone, reegelrecht Bluttsëffer, Loundumping praktizéieren an domat eng nei perfid Sklaverei installéieren.
Dobäi misst jo eigentlech nom Zäitalter vun der Opklärung, d’Dignitéit vum Mënsch, sozial Integratioun an e méi gerecht Verdeele vum Räichtum an eiser Wäerteskala op 1. Plaz stoen!
Mee den aktuellen ekonomesche System erlaabt dat net, well d’Wegwerfgesellschaft un der Wuerzel ongerecht ass.
Souwäit dës Aussoen an Iwwerleeungen.
Si stamen net – wéi verschiddener et elo mat Degoût gär géife bemierken – vun deem, deen elo haut, Freiden den 1. Juni 2018, hei schwätzt, si stamen och net vum Karl Marx oder Friedrich Engels, net vum Mao Tse Tung oder Antonio Gramsci, si stamen ausschliisslech vun engem gewëssene Jorge Mario Bergoglio, mat Kënschtlernumm „Franziskus“, de Katholiken hirem Pontifax maximus, deen dat esou an senger Exhortatioun „Evangelii Gaudium“ ausgedréckt huet … an deen trotzdeem komplett Recht huet!