En neit Behuelen op der Strooss

Mat de neie Reegele vum Code de la Route ass och en neit Verhale vun Automobilist a Cycliste gefrot. Den Joy Hoffmann mécht sech Gedanken zu Reaktiounen a Léisungen zu dëser Problematik. (Filmkritiker a Vëlosfuerer)
De presséierten Automobilist huet scho béis misse leiden, ënnert Vitesslimitatiounen, Radaren a Mobilitéitspolitiker. Elo muss en och nach ëmmer méi Vëlosfuerer erdroen, déi mat dem neie Code de la Route an der 1,5 Meter Distanz Reegel nach méi Rechter kréien. Als iwwerzeegten Adept vum Vëlo hu mech zum Thema Automobilist a Vëlosfuerer zwou rezent extremistesch Reaktioune vun Automobilisten intrigéiert.
An hirer Absurditéit sinn d’Iwwerleeunge vun engem landbekannten Affekot, deen akribesch genau ausgerechent huet, dass hien elo misst op d'Géigespur fueren, fir e Vëlo ze iwwerhuelen, symptomatesch fir eng rar Minoritéit vun Autosfuerer, déi nëmmen no sech kucken.
Richteg geféierlech ass dat wuel net, well vu lauter Angscht engem Vëlo ze begéinen a sech an Doudesgefor ze brénge beim Iwwerhuelen, misst deen Här konsequenterweis elo vum Auto op de Vëlo ëmklammen, wou e jo da besser protegéiert ass, mat engem 1 meter 50 ofgesécherte Raum ronderëm hien.
Méi beonrouegend ass de Geste vun engem Automobilist, deen e Vëlosfuerer um Lampertsbierg mat enger Pistoul braquéiert huet. Wat di genau Ëmstänn ware bleift dohigestallt: de Geste steet symbolesch fir de Stress deem verschidden Automobiliste sech duerch d’Vëlosfuerer ausgesat fillen déi, sou mengen si, sech hirersäits u keng Reegelen halen.
Leit, déi de Code de la Route net anhalen, ginn et effektiv op béide Säiten. An dofir ass souwuel d’Responsabilitéit vum Vëlosfuerer wéi och déi vum Automobilist gefrot. Dat rezent Protokolléiere vun engem Cyclist mat Handy um Vëlo setzt do en interessant Zeechen.
Fir de Cyclisten z’erlaben, zu 2 an 2 niewenteneen ze fueren, ausserhalb vun den Uertschaften, mag et eng Rei Argumenter ginn. Et mécht di gestressten Automobilisten awer nach méi nervös. Ech sinn dofir net sou sécher, ob déi Moossnam néideg war. Wann di 1,5 Meter Distanz beim Iwwerhuele respektéiert géif ginn, wär scho villes erreecht.
D'Haaptsaach ass et och, dem leschten Automobilist kloer ze maachen, dass mer méi vum Auto ewech mussen, an dass de Vëlo en Deel vun der Léisung ass. Dofir muss de Vëlosfuerer, ob en elo op d'Aarbecht fiert oder de Vëlo als Fräizäitberäich benotzt, e Gefill vu Sécherheet kréien, ouni dat vill Leit schwéier ze iwwerriede sinn de Vëlo ze benotzen. Wien e puermol mat 20 cm Ofstand vun engem Auto, Camion oder Bus iwwerholl gouf, weess vu wat ech schwätzen. Anescht wéi bei der Vitesse, ass allerdéngs hei Kontroll a Repressioun schwéier ze applizéieren, an da bleift just di gutt al Pädagogik. Virwat net de Vëlo an de Führerschäin, wuelverstanen den Auto-Führerschäin mat abauen mat z.B jeeweils enger Stonn Vëlofueren an der Stad an op der Landstrooss. Matt engem elektresche Vëlo packt mëttlerweil all Mënsch dat. D'Haaptzil ass natierlech, dass den Automobilist léiert sech an d'Lag vum Vëlosfuerer ze versetzen, méi rücksichtsvoll fiert an doduerch och vill Aggressiounen ofbaut, also manner leit, fir op onsen Ausgangspunkt zeréck ze kommen. An ech sinn och iwwerzeegt, dass di Jonk di de Führerschäin maachen, dat ouni Problem acceptéieren.