Méi séier a méi Wunnengen bauen. Do féiert kee Wee dolaanscht, wa Lëtzebuerg weiderwuesse soll a wunne bezuelbar soll ginn. Dat bedeit, datt Prozeduren ugepasst an net onnëtzt an d'Längt gezu ginn. Eng "Carte blanche" vum Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist Marc Glesener.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Glesener

Esou lues a lues kristalliséieren sech déi Sujeten eraus, déi am Walkampf an den nächsten Méint eng zentral Roll spille wäerten. Et gëtt bei alle Parteien intensiv un de Programmer geschafft an un deene Virschléi a Verspriechen, mat deenen ee bei de Wieler punkte wëll.

Nu ass et kee Geheimnis, datt de Logement ee ganz besonnesche Problem ass, mat deem sech d’Politik beschäftege muss. Dëst geet net anescht an engem Land, dat an de leschten Joerzéngten an engem eenzegaartege Mooss a mat enormer Vitesse gewuess ass. Jo, Lëtzebuerg war an ass attraktiv an iergendwéi si mer en Affer vun der eegener Unzéiungskraaft ginn.

Wann een als Land attraktiv ass, sollt een eigentlech kënnen houfreg sinn. Anerer wiere sécher frou iwwer esou en Image. Dat bedeit natierlech och, datt een definitiv als Land net alles falsch gemaach huet.

Zréck zum Problem Logement, wat ënner dem Stréch ee Problem vu genuch a séier genuch bauen ass. D’Offer muss eropgoen. Nëmme mat däitlech méi Wunnraum ginn och d’Präisser erof.

Wann ee sech e bësse mat der Saach beschäftegt, gesäit een, datt déi Saach mam séier bauen, praktesch problematesch ass. Et gëtt ëmmer méi schwiereg fir Leit, déi wëlle gréisser Projeten ëmsetzen. Wa vum éischte Plang bis den éischte Spuedestéch dräi, véier oder méi Jore verginn, ass dat eigentlech net akzeptabel.

Wann ee wiisst, wuesse wëll an och wuesse wäert, muss een als Land  méiglechst séier Wunnengen an aner néideg Infrastrukture baue kënnen. Virun allem geet et dann net, datt en Cours de Route vu Projeten ëmmer nees nei Oplage gëllen oder Etüde gemaach musse ginn. Effikass an einfach Prozedure géife gutt zu engem klenge Land passen.

An domat wiere mer bei enge Thema, dat, gleeft ee ville Betraffenen, en decke Problem ass. Et geet em déi ominéis Präsenz vu Fliedermais, déi an de leschte Méint a Jore Projete verhënnert oder opgehalen hunn.

Ech hunn näischt géint Flantermais oder aner Déieren. Ganz am Géigendeel. Mä mir mussen awer realistesch bleiwen an déi Saach mam Déiereschutz net ze wäit dreiwen. D’Recht op eng dezent Wunneng ass och ee Recht, dat ziele muss.

Jo, Biodiversitéit ass wichteg. Mais Logement och. Stemmt dat, wat een aus de Gemengen an dem Bausecteur esou héiert, leeft hei esou munches total donieft an et gesäit esou aus, ewéi wann hei eng bestëmmte Säit méi Rechter hätt ewéi déi aner. Mat gesondem Mënscheverstand huet dat allemol net vill ze dinn.