Assainissement par zone

© RTL (Archiv)
Bei der aktueller Wunnengsnout ass et wierklech ze begréissen, dass elo op deenen alen Industriefrichen nei Wunnquartiere gebaut ginn. A senger Carte blanche proposéiert den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale, de Gilles Hempel, do dernieft och déi méi eeler Quartieren an deene Stied ze sanéieren.
Op ville Plazen hei am Land sinn am Gaange grouss a modern Wunnquartieren ze entstoen. Déi eng gi scho gebaut. Déi aner sinn an der Planung:
Zu Esch de Belval, zu Déifferdeng Opkorn, zu Diddeleng d'Neischmelz an zu Wolz den neie Quartier: Wunne mat der Wolz. Dëse Wunnraum gëtt dringend gebraucht. Op munche Plazen, mä net iwwerall, sinn och e gudden Deel sozial Mietwunnengen derbäi.
Et kann een dovun ausgoen, dass déi Wunnengen, déi do op deenen alen Industriefrichen entstinn, e gudde Standard wäerten hunn an och energetesch um leschte Stand wäerte sinn.
Wann ee sech dann awer verschidden eeler Quartieren an deene selwechte Gemengen ukucke geet resp. hire Stad-Kär, da stellt ee fest, dass déi net iwwerall an engem terribel gudden Zoustand sinn. Vill Gebaier sinn al a faul bannendran. Et stinn der och eng ganz Partie eidel. Iwwer Energieklass brauche mir a ville Fäll guer net ze schwätzen. An och baussent den Dieren ass et do net iwwerall immens schéin.
Et ass gutt a wichteg, déi al Industriefrichen ze sanéieren an do neie Wunnraum drop entstoen ze loossen. Mä sollte mer dann net och déi al Quartieren an eise Stied sanéieren? Domat mengen ech net, alles ofrappen an nei Këschten dohistellen. Mä souwäit wéi méiglech de Patrimoine konservéieren an domat de Charme an d'Identitéit vun deene Staddeeler erhalen.
Am Gesetz vun 1979 iwwert d'Aide au Logement gëtt et e ganz interessant Kapitel iwwert Quartierssanéirung. De sougenannten "Assainissement par zone". Dat Gesetz gëtt de Gemengen d'Méiglechkeet, en Deel vun hirem Territoire als "Zone d'assainissement" ze deklaréieren. An deem Fall sinn d'Proprietairen ugewisen, déi Gebaier innerhalb vun engem Joer ze sanéieren. Wa se dat net maachen, da kann d'Gemeng higoen, an déi néideg Aarbechte selwer an Optrag ginn. Sollt sech erausstellen, dass een Immeuble net méi ze recuperéieren ass, kann d'Gemeng souguer hindoen, an dat Gebai ofrappen an eppes Neies dohinner bauen. De Staat iwwerhëlt an béide Fäll bis zu 50% vun de Käschten. Duerno ass d'Gemeng berechtegt, dat renovéiert Gebai soulaang ze engem sozialen Tarif ze verlounen, bis si hiren Invest amortiséiert huet.
Mat deem Gesetz hunn d'Gemengen deemno ee ganz flott Instrument, mat deem se kënnen à la fois hir al Quartiere sanéieren an dobäi och nach soziale Wunnraum schafen.
Mä an deene bal 40 Joer, wou et dat Gesetz elo gëtt, hat awer nach keen de Courage, esou ee Projet duerchzezéien.