Ass et der Wäert, nodréiglech e puer Bemierkungen zu National-Feierdag ze maachen bzw. dolaanscht? Ee Commentaire vum Paul Kremer.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Kremer

Well “national”, dat kléngt schonns iwwel am Ouer vun de Gutmenschen, déi fillen aplaz ze denken. Eng Natioun, dat si jo Leit, déi ongeféier zesumme gebuer ginn oder goufen – nasci, naître – an déi dann zesumme wëllen op hirem Gebitt liewen an eens ënnerenee ginn. An also mol d’éischt mateneen schwätzen, d.h. hiren Idiom, fléissend an ouni Mini-Dictionnaire um Handy. An domat ass et scho fir all déi gutt Séilen ze vill: 't soll een deem aner seng Sprooch léieren – eng graff Illusioun – grad sou, wéi datt et duer géing, niewenteneen ze wunne fir mateneen e Staat ze bilden. E braven Auslänner, deen hei wunnt, ass dofir nach laang kee Bierger vum Land: well dozou gehéiert de Wëllen, et mateneen ze riskéieren an net nëmmen méi eng déck Pai wéi doheem z’ergatteren.

Mir liewen an enger Medie-Welt, déi eis wëllt virgaukelen, de Mënsch wier e braavt Déierchen, wann een en nëmme richteg stréile géif. Wat falsch ass: de Mënsch ass vun alle brutalen Déieren dat brutaalst. Wien et net gleewe wëllt, soll w.e.g. e Geschichtsbuch duerchbliederen. Datt mir elo zanter 70 Joer a Rou gelieft hunn, verdanke mer dem atomare Prabbeli vun den USA, dee mer gratis zur Verfügung gestallt kruten – wat elo iwwregens finito ass.

Matleed ass en iwwele Beroder. Denke soll een, a kalkuléieren, net waarme Gefiller noginn. An de ville Misär an der Welt ass net domat ofgeschaaft, wa mir eis opginn d.h. keng eegestänneg Natioun méi menge kënnen ze sinn, mä all Dir grouss opman an do wëllen hoffen, am Duerchzuch wier et fir eis, inklusiv Index, Banken a Krankekeess, gutt schuckeleg wéi soss a kengem Groussherzogtum.