Eng Micro-Versécherung ass een Deel vun der Micro-Finanz, vun deem net esou vill geschwat gëtt. An dach huet se sech an de leschte Joere staark entwéckelt an dat och ënnert dem Impuls vun enger internationaler Associatioun, déi zou Lëtzebuerg baséiert ass. Dat ass d'Thema vun enger Carte Blanche vum Michel Maquil, fräie Wirtschaftsberoder a fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse.

AUDIO: Carte Blanche vum Michel Maquil

Vun alle Forme vun der Micro-Finanz ass sécher d‘Micro-Assurance oder d‘Micro-Versécherung déi Form, déi sech am spektakuläersten an de leschte Joren entwéckelt huet. Hei geet et drëm den Awunner aus Entwécklungslänner, besonnesch de Baueren an den Handwierker eng einfach Méiglechkeet unzebidden, fir sech géint perséinlech Schicksalsschléi a besonnesch och géint Naturkatastrophen, wéi Stierm an iwwerméissege Reen, ofzesécheren. Et ass drëm gaangen, fir ee System op d'Been ze stellen, deen esou einfach wéi méiglech ass, fir datt e bezuelbar bleift fir déi Leit, deene soll gehollef ginn.

Ass de Versécherungskontrakt ofgeschloss, an trëtt ee Schued duerch eng Naturkatastroph an, da brauch ee fir d‘Ausmooss vum Schued festzestellen, keng Inspekteren op d‘Plaz  ze schécken. Et geet duer, fir detailléiert Satellittebiller ze huelen an och aner meteorologesch Informatiounen, fir dann de Schued relativ genee anzeschätzen. D‘Entschiedegung fir de Bauer oder den Handwierker kann iwwer ee mobillen Finanzementssystem direkt un déi betraffe Persoun oder seng Famill ausbezuelt ginn. Domat kann dee System mat engem Minimum vu mënschlechen Asaz fonctionnéieren, also och mat engem Minimum vu Käschten.

Fir datt esou ee System am grousse Stil agesat ka ginn, brauch et eng Rei Bedingungen. Ënnert hinne mussen detailléiert genuch, brauchbar Satellittebiller a meteorologesch Informatiounen disponibel gemaach ginn. Och musse sécher Geldiwwerweisungssystemer an deene Länner funktionéieren, fir esouwuel d’Primmen ze encaisséieren, wéi och fir d'Entschiedegungen auszebezuelen. Hei kënnen déi westlech Länner an déi grouss Telefons-Operateuren hëllefen, fir datt déi Bedingunge geschaaft ginn.

Wichteg ass et och, ze suergen, datt déi Systemer vu Micro-Versécherung schnell finanziell nohalteg gemaach ginn. Dat ka geschéien doduerch, datt si net fir all Käschte mussen opkommen, deen den Opbau vun esou enger Infrastruktur verlaangt. Eng Rei staatlech Organisatiounen an och privat Donateuren hunn hei ee grousse Bäitrag geleescht. Schlussendlech kënnen déi grouss Versécherungsgesellschaften nëmmen aus esou Systemer léieren a sinn och ganz aktiv Partner nieft den Operateure vu mobillen Telefonsnetzer.

Et ass de Beweis, datt déi nei Technologie wiesentlech Verännerunge ka mat sech bréngen, wa se geziilt agesat gëtt an deem de globalen Impakt also de laangfristege Rendement wäit méi am Fokus steet wéi dee kuerzfristege Profit. Esou ka Millioune vu Familljen a schwierege Situatioune an den Entwécklungslänner ganz effektiv gehollef ginn.

Lëtzebuerg huet sech am Domaine vun der Micro-Versécherung een internationalen Numm gemaach. Dee weltwäiten "Micro Insurance Network" huet säi Sëtz a seng Büroen zu Lëtzebuerg. Dee Reseau besteet aus enger Gemeinschaft vun 300 Experten an 80 Organisatiounen aus iwwer 40 Länner an e setzt sech an, fir datt Micro-Versécherung weider entwéckelt gëtt, fir an ëmmer méi Länner an dacks a ganz entleeëne Géigenden nach méi effikass kënnen ze schaffen.