Wirtschafts-Standuert-Politik

Bei der Fro, ob Steewoll- a Yughurtsfabriken op Lëtzebuerg komme sollen, geet et ëm d’Standuertpolitik an domat ëm déi laangfristeg Ausriichtung vun der nationaler Wirtschaftspolitik a Landesplanung.
Op Basis vun der Rifkin-Etude iwwert déi drëtt Industriell Revolutioun gouf et e politeschen Konsens iwwert eben dës nohalteg strategesch Ausriichtung. Beim operativen Ëmsetze ginn d’Meenungen awer auserneen, dëst besonnesch am Virfeld vun de Chamberwalen am Oktober, wou d’Parteien elo schonn hir Profiller fir hir Stammwieler schäerfen.
D’Resultat dovun sinn déi uganks ernimmten an op d’Place publique gedroen regierungsintern Differenzen duerch déi widderspréchlech Messagen an d’Welt geschéckt a potentiell Investisseuren veronséchert ginn. Zousätzlech gëtt domatter de Versuch, de Stigma als Steierparadäis ofzeleeën a mam Nation-branding eisem Land en neien, “propperen” an dynameschen Image ze ginn, sabotéiert.
D’Rifkin-Visioun fir Lëtzebuerg brauch nieft enger Strategie och eng eenheetlech operativ Ëmsetzung iwwert all Ministèren ewech an eng kohärent Kommunikatioun: no baussen un auslännesch Investisseuren, awer och no bannen un d’Bierger, besonnesch un déi jonk Generatiounen.
Schliesslech geet et drëms, hinnen e liewenswäert Lëtzebuerg z'iwwerginn, an deem si gäre schaffen, liewen an och wunnen bleiwe kënnen. Laut Jugendstudie sti nämlech bei deene jonke Generatiounen och net-finanziell Liewenswënsch ganz uewen op der Prioritéitelëscht.
An trotzdem verfollegen eng Rei Politiker a Wirtschaftsvertrieder en héijen, quantitative Wuesstem, deen onverzichtbar wier, fir d’Ofsécherung vun eisem Wuelstand, eisen héije Sozialstandarden a besonnesch de Pensiounen, duerch déi awer och de Lëtzebuerger Staatsbudget belaascht an d’Staatsverscholdung bis 2060 op iwwert 150% vum PIB klamme kéint. Eng gëlleg Zënslaascht an Hypothéik fir déi nächst Generatiounen.
D’Alternativ ass, an Zäiten vun der drëtter Industrieller Revolutioun, e reng qualitative Wuesstem, mat héije Valeurs ajoutées, awer bewosstem Verzicht op en Deel vum materiellen Räichtum an duerfir engem Zouwuess u Liewensqualitéit: méi Natur a frësch Loft, manner Stress a Stau, méi präiswäert Wunnen an e Méi u sozialem Zesummeliewen.
Oder d’Quadratur vum Krees, e Mix vu béidem, wéi se vum Wirtschaftsminister vertrueden gëtt, mat den uganks ernimmte Problemer bei der Schäerfung vum Profil vu Lëtzebuerg duerch arbitraire operativ Entscheedungen a widderspréchlech Kommunikatiounen aus de Ministèren.
Wéi an engem vegetaresche Restaurant, deen och net zur Sécherheet e Beef-burger op der Kaart huet, ass eng 100% Fokusséierung op e reng qualitativen Wuesstem a Positionéierung vu Lëtzebuerg als “Land mat nohalteger Wirtschaftspolitik an héijer Liewesqualitéit” laangfristeg déi richteg a gewënnbréngend Strategie. Zum Beispill mat der “Mercury Industry 4.0”-Fabrik vu Goodyear zu Diddeleng, awer ouni Steewoll- a Yughurtsfabriken!
Egal wéi brauch d’Land virun de Chamberwalen, Chiffres et études à l’appui, kloer an éierlech Positionéierunge vun alle Parteien zur laangfristeger Zukunfts-Orientéierung hisiichtlech Profil vum Land, Nohaltegkeet, Wuesstem, Liewensqualitéit, Pensiounssystem a Staatsverscholdung, inklusiv engem oppenen Debat mat alle Bierger, mat an ouni Wahlrecht.