Wéi eng Missiounen huet dëse Gremium a kann ee mat deene Moyenen, déi een de Moment huet, dës Missiounen iwwerhaapt erfëllen?

AUDIO: Carte Blanche vum Francis Schartz

Léif Nolauschterer,

Haut wëll ech meng Kap als President vum Conseil supérieur pour un développement durable CSDD op doen an Iech iwwer dëse sougenannten Nohaltegkeetsrot schwätzen.

Dat kann ech awer net maachen ouni ee Moment un de Camille Gira ze denken, een éierleche Kämpfer fir d’Cause vun der nohalteger Entwécklung. Als Députéierten huet hien eemol den Nohaltegkeetsrot « zahnlosen Tiger » genannt; als Staatssekretär huet hie gehollef, dem Tiger ee puer Zänn wuessen zeloossen.

Mä huet deen Tiger, also den Nohaltegkeetsrot, dann elo genuch Zänn fir zebäissen, oder sollt hien iwwerhaapt bäissen?

Wat sinn dem Nohaltegkeetsrot seng Missiounen a kann hie se sou, wéi en de Moment opgestallt ass, iwwerhaapt erfëllen?

D’Gesetz vum 25. Juni 2004 huet dëse Gremium geschaf, deen aus 15 onofhängege Persoune besteet, déi op Grond vun hirer Expertise vun der Regierung genannt ginn.

Seng Missioune sinn

- iwwer Froe vun der der nohalteger Entwécklung ze deliberéieren,

- Recherche virzeschloen an deem Beräich,

- mat ähnlechen Organer aus der EU zesummen ze schaffen

-an déi breed Ëffentlechkeet mat anzebannen, fir d’Objektiver vun enger nohalteger Entwécklung z'erreechen.

- Ausserdeem soll den Nohaltegkeetsrot Avisen ausschaffen zu alle politeschen Décisiounen um Gebitt vun der Nohaltegkeet, souwuel op nationalem, wéi och op internationalem Plang, virun allem wat d’Ëmsetze vum nationale Plang fir nohalteg Entwécklung PNDD ubelaangt

- an och vun den internationalen Engagementer, déi Lëtzebuerg an deem Domaine agaangen ass.

Dat ass ee risege Programm, deen ee schwéier mat lauter Fräiwëllegen ka bewältegen. Mir hunn déi lescht Jore vill an Aarbechtsgruppen an a Vollversammlunge geschafft, Workshopen organiséiert, Etude lancéiert, Avis verfaasst an de politesche Parteie Virschléi, fir an hire Wahlprogrammer ze presentéiert.

Och wa mer tatkräfteg vun enger Fonctionnaire aus dem MDDI ënnerstëtz ginn, gesäit een direkt, datt mat all deene Aktivitéiten d’Méiglechkeeten an d’Bereetschaft vun de Benevolen aus dem CSDD un hir Grenze komm sinn. Vue, datt Nohaltegkeet  jo net nëmmen Ëmweltschutz ass, mä een Zesummespill vun Ecologie, Economie a Sozialem, misst eng nohalteg Entwécklung dat iewescht Zil vun all Politik sinn. Dofir si mir der Meenung, dat den Nohaltegkeetsrot am Staatsminister sollt ugesidelt ginn.

Wann d’Politik den Nohaltegkeetsrot wëllt serieux huelen, da misst si e mat deene néidege Moyene versinn, souwuel materiell, wéi och personell. Oder d’Politik dach léiwer, wann den Nohaltegkeetsrot  een „zahnlosen Tiger“ bleift?

*Pensionéierte Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.