Disruptiv

Mir liewen an disruptiven Zäiten. Ass dat eng gutt oder eng schlecht Saach? Et hänkt dervun of, wat derbäi erauskënnt, fënnt de Jean-Louis Schlesser.
Disruptiv ass eppes, dat d’Gläichgewiicht vun engem System stéiert. Hei e puer disruptiv Phänomener. De Futtball natierlech. Disruptiv war schonn, datt d’Futtball-WM iwwerhaapt u Russland gaangen ass. Oder och net, well schliisslech haten d'FIFA-Fonctionnairë schonn ëmmer grouss an déif Täschen.
An: d’Englänner hunn tatsächlech en Eelefmeterschéisse gewonnen.
D’Mannschaft aus Däitschland: si ass ouni Glanz a Gloria, als lescht vun hirer Grupp heemgefuer. Fir vill di gréisst Disruptioun.
Iwwerhaapt Däitschland! Di grouss Auto Premium-Marken stinn elo do wéi eng Gaunerband, well se d’ganz Welt - a besonnesch hir Clienten - ugeschmiert hunn.
D’Madamm Merkel: léisst sech vum Chef vun enger Regionalpartei, der bayrescher CSU, erpressen. Zimlech disruptiv, nee? Eng gréisser Onuerdnung hat nach just de Franz Joseph Strauss, och vun der CSU, an de 60 er Joren mat der Spiegel-Affär fäerdeg bruecht. Mä déi huet him säin Job als Minister kascht an d’Pressefräiheet an Däitschland gestäerkt. Dat wat wierklech disruptiv ass: d’Madamm Merkel ass erpressbar, an e reaktionäre bayresche Veräin huet d’Pretentioun, Europa no senger Päif danzen ze loossen.
Elo ass et jo net esou, datt ee menge soll, datt ëmmer alles beim Ale bleiwe misst. D’Welt geet weider, et soll een net op all gesellschaftlech oder politesch Entwécklung en Deckel drécken, a mir si jo net an der Sowjetunioun vum Breschnew oder am Nord-Korea vum Här Trump sengem Kolleg. Disruptiv Phenomener sinn et ëmmer ginn, och wann dat Adjektiv fréier net gebraucht ginn ass. 1968, ob zu Paräis, zu Berlin oder zu Berkley war mega disruptiv. Et war eng Beweegung di de System gehéiereg duerchernee gerëselt huet a souguer zu Lëtzebuerg Spure gelooss huet, an der Däiwel weess, wéi verännerungsresistent mir sinn. Make Love not War, sous les pavés la plage, waren Sloganen, Metapheren, mä och Programmer. Wou si mer haut?
1968 war eng utopesch Beweegung, di vun enger humanistescher, optimistescher Grondastellung gepräägt war an dat kënne souguer déi se kritiséieren net leegnen.
Et géif mech wonneren wann, no enger Rei Joren, an Däitschland, an Italien, a ville Länner di drësseg Joer nom Fall vun hire kommunistesche Regimmer iwwerhaapt näischt bäigeléiert hunn, d’Virgäng vun haut, ähnlech positiv analyséiert kéinte ginn. Villäicht ginn éischter Parallellen zu den drësseger Jore fonnt, zu dem Disruptiven vun där Zäit, a vun der Onmënschlechkeet, der Barbarei déi doraus entstanen ass.