Vill ass an de leschte Wochen iwwert déi sougenannten "Sprangprëssessioun" zu Iechternach geschwat ginn. Wann ee verschiddene Leit nolauschtert, da géing ee bal mengen, d'DP-LSAP-déi Gréng-Regierung wier am Gaangen, deen Event ofzeschafen. E puer Gedanken dozou vum Laurent Schley, President vun AHA, a senger Carte blanche vun haut, mam Titel "Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!"

AUDIO: Carte Blanche vum Laurent Schley

E fréieren Iechternacher Lokalpolitiker geet ganz aktuell mat enger Petitioun géint seng eege Partei, déi Deel vun der Dräierkoalitioun ass, déi grad grouss Schrëtt a Richtung Trennung vu Kierch Staat vollzunn huet. Déi Regierung huet nämlech decidéiert, dass d'Schoulkanner am ganze Land op engem hondsgewéinlechen Dënschdeg am Fréijoer 2019 net wäerte fräi hunn – ausser op explizit Demande –, just well d'kathoulesch Kierch deen Dag wëllt e reliéisen Event organiséieren. Dat ass natierlech der Kierch hiert gutt Recht, mä huet awer näischt mat der ëffentlecher Schoul ze dinn. Dass d'Sprangprëssessioun 2019 zu Iechternach – ëm déi geet et – a Gefor wier, ass also Fake News, an déi ganz Diskussioun net méi wéi e Stiermchen am Wäiwaasserglieschen.

Mä et si schliisslech am Oktober Walen ... also probéiert de Moment jiddwereen, mat der Sprangprëssessioun op Stëmmefang ze hoppelen oder anere Stëmmen ewechzehuelen. Ugefaang huet dee ganzen Zirkus mam Katholickechef Hollerich, dee gemengt huet, et wier eng "Sauerei", wann d'Schoulen op deem ganz normale Schouldag – wat et letztendlech ass – géife Prüfunge maachen. D'kathoulesch Kierch, e private Club, wëllt sech also elo scheinbar schonn nees an d'Organistioun vun der ëffentlecher Schoul amëschen.

Skurril gëtt et, wann de Katholickechef am selwechten Otemzuch betount, dass déi béis Geeschter vu gëschter zu Iechternach net wëllkomm wieren. Domatter huet hie sech op nationalistesch Tendenze beruff, déi an Europa jo um komme wieren, woumat hien natierlech Recht huet. Mä wéi erkläert sech dann awer de Katholickechef, dass sech grad Leit vun deem nationalistesche Bord am aggressiivste géint d'Decisioun vun der Regierung a punkto "normalen Dënschdeg 2019" opreegen? Sou schreift eng ADR-Kandidatin aus dem Zentrum fir d'Walen am Oktober an engem Lieserbréif op RTL.lu vu Skandal a vu Schan an attackéiert souguer interessanterweis en CSV-Mann an Ex-Paschtouer, dee proposéiert hat, d'Sprangprëssessioun op méindes ze verleeën.

Des Weidere sinn och nach d'Leit vun enger gewësser Internetplattform op de Plang komm, vun där verschidde Memberen och am Oktober op den ADR-Lëschten ze fanne sinn respektiv entretemps mol ganz locker an de Sozialmedien d'Naziverbriechen ëffentlech verharmlosen. Dat sinn dann déi Leit, déi am haartste jäizen, wann der kathoulescher Kierch een ongerechtfäerdegte Privileeg wechgeholl gëtt, nämlech wäertvoll Schoulzäit engem reliéisen Event ënnerzeuerdnen. Abee jo.

Dobäi wier et dach alles sou einfach. D'kathoulesch Kierch kéint ouni Weideres hire Sprangevent op sonndes verleeën, an de Problem wier geléist. Mä d'Kierch an hir dubios Alliéiert notzen déi Saach léiwer, fir an de Medien nach bëssi bëllege Stunk géint déi aktuell Regierung ze maachen, déi grad am gesellschaftspolitesche Beräich en zimlech gudden Job gemaach huet. Populismus pur vu Kierch a Co., deen awer liicht ze duerchkucken ass.

* Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu