D’Wunnengskris ass ganz sécher ee vun deene ganz grousse Walkampfthemaen zu Lëtzebuerg am soziale Beräich. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Estgen

„Bezuelbar Wunnengen“ steet an alle Walprogrammer. Massiv de soziale Wunnengsbau fërderen, gëtt als Léisung proposéiert. Ech stelle mer awer d’Fro op dat duer geet, an op mer net och missten als Gesellschaft kloren Afloss op de fräie Maart huelen, am Beräich vun den Immobilien.

E ganz speziellen Där am A ass fir mech, déi Realitéit vun de Kaffiszëmmeren, déi haaptsächlech Léit betrëfft, déi eleng sinn, an net d‘Finanzen hunn, fir e Studio um fräie Maart ze lounen. Et feelt definitiv u ville klenge Wunnenge fir en eenzel Persounen. An dat sinn net nëmmen Leit, déi den RMG hunn, oder Flüchtling sinn, mee och eleng stoend Fraen a Männer mat engem Mindestloun, Studenten, oder Persounen, déi gescheet ginn, an dofir a kuerzer Zäit mussen eng nei Wunneng fannen.

Hei ass e Sumpf entstanen, wou et fir déi Betraffe keng Méiglechkeet méi gëtt, fir aus dem Misär erauszekommen. D’Kaffiszëmmer ass déi lescht Alternativ. An onsem Office Social vun der Gemeng heescht et, soubal mer fir ee vun deene Locatairen eng Léisung fonnt hunn, dann dauert et just een Dag, bis den nächste Client an dat Cafészëmmer ageplënnert ass.

Hei ass d’Politik gefuerdert. Mir brauchen dringend "kleng Wunnengen" zu soziale Präisser. Ech nenne se emol Ministudioen", déi 20-25 Metercarré hunn. Sou wéi Studentewunnengen, mat engem grousse Raum, fir ze liewen an ze schlofen, an engem klenge Buedzëmmer mat Toilette. An dat zu engem Präis, deen net méi héich ka sinn, wéi ee Véierel vun engem Mindestloun. E rëffege Schloff fir 600 bis 800 Euro ass Mënschenonwierdeg!

Fir sou e Maart vu Wunnengen entstoen ze loossen, an d’Problematik vun de Kaffiszëmmeren an den Grëff ze kréien, brauche mir eng kloer Legislatioun am Beräich vun de Ministudioen.

Dat kënnt ee folgendermoossen erreechen:

  1. En festgesate Loyerspräis fir sou Wunnengen: zum Beispill 15 Euro op de Metercarré. Dat wäre bei 25 Metercarré 375 Euro. All Wunneng ënnert 25 Metercarré misst dorënner falen.
  2. Fir d’Offer ze erhéijen: all nei Wunnunitéit mat 5 Appartementer, déi gebaut gëtt, muss och sou eng Miniwunneng ënnert 25 Metercarré hunn. 
  3. D’Ëffentlech Hand kuckt, dass se an deenen nächste Jore genuch esou Wunnenge baut a verlount, fir einfach duerch eng grouss Offer d’Präisser um Maart am allgemengen ze stabiliséieren, also och fir déi méi kleng Studioen an Appartementer.

Duerch esou e Gesetz géif et méiglech ginn, fir alle Léit mat normale Ressourcen, zu mindestens e korrekten Dag iwwer dem Kapp unzebidden. Mir géifen engem Deel vun der Bevëlkerung d’Chance ginn, fir sech eppes opzebauen, an net musse Wucherpräisser ze bezuelen, déi just dozou féieren, dass d’Leit ëmmer méi an d’Aarmut falen. Mee fir sou Iddien ze entwéckel, brauch ee politesche Wëllen, souguer politesche Courage an net nëmme Bedaueren, dass mer zu Lëtzebuerg eng Wunnengskris hunn.