Haut schwätzt d'Magali Paulus eis, kuerz virun den nationale Walen, iwwer eist klengt Land a seng Impakter. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

AUDIO: Carte Blanche vum Magali Paulus

Wat ass den Impakt vun de Walen zu Lëtzebuerg op de Rescht vun der Welt? Huet Lëtzebuerg iwwerhaapt als klengt Land en Impakt op d'Welt? Wa jiddereen op der Welt géing konsuméieren ewéi mir, bräichte mer 7 Planéiten, d'Ressourcë wiere schonn Enn Februar opgebraucht. Duerch eis Steieroptimiséierungspolitik verléiere vill Länner am noe wéi wäiten Ausland wichteg Akommes u Steiergelder, déi gebraucht wiere fir Educatioun, Santé an d'Liewensbedingunge vun der Populatioun ze verbesseren. Dëst sinn negativ Impakter. En Deel vun deenen Impakter ass duerch Whistleblower un d'Liicht bruecht ginn. Souwuel Whistleblower wéi och Ëmwelt- a Mënscherechtsverdeedeger musse méi protegéiert ginn, well et ass nëmmen duerch si, dass ongerecht Situatiounen un d'Ëffentlechkeet bruecht ginn an dass mer eis fir eng Ännerung vu deene Situatiounen asetze kënnen.

E Méinden ass den neie Rapport vum GIEC erauskomm. Et ass keng schéi Siicht op d'Zukunft. D'Wëssenschaftler vum GIEC sinn der Meenung, dass mat enger Erhéijung vun 1,5 Grad iwwer 100 Millioune Mënsche klimagebonne Risiken ausgesat wäerte sinn. Zemools Subsahara-Afrika, Südostasien, Zentral- a Südamerika wäerte méi schlecht Recolten hunn. Dëst weist eis, dass mer eis vill méi aktiv géint de Klimawandel asetze mussen, souwuel bei eis wéi och op deene Plazen, wou en déi schrooste Konsequenzen huet a wäert hunn.

Subsahara-Afrika, Südostasien, Zentral- a Südamerika sinn nämlech net nëmmen duerch de Klimawandel affektéiert, mä och duerch ëmmer méi grouss Inegalitéiten an Aarmut. Et ass d'Eradicatioun vun der Aarmut, déi den Objektiv vun der Entwécklungszesummenaarbecht ass a soll sinn. Mir sinn nach ëmmer net esou wäit, dass mer keng Entwécklungszesummenaarbecht méi brauchen, dofir ass et och esou wichteg, dass e klengt a räicht Land wéi Lëtzebuerg 1 % vu sengem PIB der Kooperatioun consacréiert, dëst Zil ass och vu ville Parteien an hire Wahlprogramme confirméiert. Et ass och wichteg, dass Lëtzebuerg weider a Subsahara-Afrika, Südostasien a Latäinamerika aktiv ass a sech net op eng vun de Regioune fokaliséiert. Dëst kann eis och erméiglechen, eng Süd-Süd-Kooperatioun z'ënnerstëtzen, wéi Lëtzebuerg et zum Beispill am El Salvador mécht. An de Länner, wou d'lëtzebuergesch Kooperatioun aktiv ass, ass d'Populatioun och ëmmer méi mat Mënscherechtsviolatioune konfrontéiert wéi am Nicaragua oder am Niger. Do ass et och wichteg, dass eis Kooperatiounspolitik sech solidaresch mat der Populatioun weist a seng diplomatesch a finanziell Relatioune spille léisst, fir déi Situatioune wann nëmme méiglech ze verbesseren an d'Populatiounen ze schützen.

Mir mussen als klengt Land un eis Impakter denken, souwuel negativ wéi positiv an eis deenen entspriechend riichten, fir déi negativ manner negativ ze maachen an déi positiv méi positiv. Dat geet iwwert eis Consommatioun, iwwert eist alldeeglecht Handelen, eis Solidaritéit mat aneren, eist Engagement géint de Klimawandel. Dofir ginn ech Iech muer* um 2 Auer Rendez-vous op der Place Clairefontaine.

* Samschdeg, 13. Oktober