D’Walresultater vum 14. Oktober loossen erkennen, datt de Wieler eng nohalteg Transformatioun vu Lëtzebuerg wëllt aleede loossen.

Et gi sécher vill Brëller, duerch déi een d’Walresultater kann analyséieren a versichen, den allgemenge Wielerwëllen erauszeliesen.

Duerch mäi Brëll erkennen ech kloer eng Tendenz, déi no engem neie Modell fir Lëtzebuerg rifft. De Lëtzebuerger Modell vun de klenge Schrëtt an dem nationalen Opportunismus huet ausgedéngt.

Aus engem rezente Sondage, deen den Nohaltegkeetsrot duerchféiere gelooss huet, goung ervir, datt d’Majoritéit vun den Awunner vu Lëtzebuerg d’Nohaltegkeet fir immens wichteg empfënnt an och bereet ass, eng Rei vu konkrete Moossnamen ze ergräifen. - Jo, déi meescht Leit si souguer d’accord, finanziell Aboussen op sech ze huelen, fir eng méi nohalteg Entwécklung ze erméiglechen.

Genau déi Bereetschaft liesen ech och aus de Walresultater eraus.

Och wann d'Gambiakoalitioun sollt bestätegt gi sinn, heescht dat net, datt de Wieler eng Politik vu "Weider esou" wëllt.

Hien erkennt wuel un, dat déi lescht Regierung a villen Domainer gutt geschafft huet, wëllt awer duerch d'Changéieren vu de Kraaftverhältnisser eng däitlech Stäerkung vun der ökologescher an nohalteger Ausriichtung.

Et besteet och schonn ee Plang fir eng nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg, de "Plan National pour un développement durable".

Dëse Plang, deen op der Agenda 2030 vun der Uno mat hire 17 Ziler baséiert, misst den Iwwerbau vun der ganzer Lëtzebuerger Politik sinn.

Un dësem Plang sollen d’Parteie sech beim Opstelle vum Regierungsprogramm orientéieren a sou dem Wieleroptrag, fir een zukunftsfäegt Lëtzebuerg ze entwéckelen, gerecht ginn.

D’Aféiere vum sougenannten Nohaltegkeetscheck, dee schonn am leschte Regierungsprogramm virgesi war, an all Gesetzesprojeten op hir Konformitéit mat enger nohalteger Entwécklung iwwerpréiwe soll, géing sécher derzou bäidroen, dëst grousst Zil ze erreechen.

Vläicht sollten d’Koalitiounspartner net nëmmen d’Recommandatioune vum Nohaltegkeetsrot fir deen nächste Regierungsprogramm berécksiichtegen, mä och dëse Gremium stäerken, fir datt hien der neier Regierung an och dem Parlament ka mat wëssenschaftlech fundéierten Avisen hëllefen, eng nohalteg Transformatioun vun eiser Gesellschaft anzeleeden.

*Pensionéierte Lycéesdirekter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.