Demoskopie als Walverléierer

Sou iwwerraschend d'Walresultat de Sonndeg och war, sou enttäuschend waren awer och d'Sondagë virdrun an duerno. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.
Si war nawell fatzeg grouss, d'Iwwerraschung, déi um Walsonndeg e bësschen ewéi eng Flutwell iwwert d'Ländche geschwuppt ass. Normalerweis kann ee mat deenen éischte Walresultater, déi aus eenzele Walbüroe gemellt ginn, net vill ufänken.
Wann awer e puer Mol hannereneen de Message zimlech eendeiteg ass, da kritt ee séier d'Gefill fir en Trend – obwuel ee geléiert huet, datt um Enn di traditiounsräich Parteie mat de bekannte Käpp iwwer d'perséinlech Stëmmen nees Terrain guttmaache kënnen.
D'Gefill huet engem dës Kéier Recht ginn: De grousse Succès fir d'CSV trëtt net an, am Géigendeel. An och di onerwaarte vill Walziedele fir d'Piraten an den Urnen hat keng Ëmfro esou virausgesinn. De grénge Succès war zwar ugesot, awer dach net an deem Ëmfang.
Et geet elo hei net ëm eng politesch Bewäertung vun deem Resultat, dat jo als Konsequenz huet, datt d'Dräierkoalitioun ka weider maachen, an d'CSV fir weider 5 Joren an d'Oppositioun geet.
Egal wéi een datt dann elo fënnt, hannerléisst de Walspektakel en onangenehme Geschmaach: Eigentlech, sou war eis verzielt ginn, sollt et jo just drëm goen, ze decidéieren, wien dierft mat der CSV an d'Koalitioun goen.
Nieft der traureger Nationalismusdebatt, déi dann awer och iergendwéi net noutwendeg war, wann een d'Resultat vun de populistesche Lëschte kuckt, gouf et esou eben och e Walkampf, de wéineg Profil gebueden huet.
Enttäuschend war virun allem den demoskopeschen Encadrement, deen dës Wale begleet huet.
Anstatt mat der zu Lëtzebuerg net ëmmer einfacher Sonndesfro zum geplangte Walverhale goufe mer säitelaang mat Bewäertunge vun eenzele Politiker*innen an hire Parteie bombardéiert. Sécher si fir d'Politik Kompetenz a Vertrauen zwee wichteg Kritäre – awer wéi et schéngt net walentscheedend.
Walfuerschung ass zu Lëtzebuerg sécher keen einfacht d'Geschäft. Et ass awer net sënnvoll, sech dorobber ze beschränken, e puer Minutte virun den offizielle Resultater, déi eng, déi aner Héichrechnung bekannt ze ginn ... déi dann um Ënn och nach falsch ass.
Et läit net nëmmen um Walsystem, datt mir bis 14 Auer wiele ginn an eréischt am spéiden Owend gesot kréien, wéi et ausgaangen ass. A Bayern, wou och de Sonndeg gewielt gouf, sinn d'Büroen eréischt um 18 Auer zougemaach ginn. D'Resultat huet sech awer a Form vun enger éischter Prognos schonns eng Sekonn méi spéit um Ecran gewisen.
Fir sou eppes ze maachen, brauch een e ganz aneren Apparat, et muss ee Sondagë virun de Walbüroen den Dag selwer organiséieren a schnell auswäerte kënnen.
Zu Lëtzebuerg ass et deene grousse Medien iwwerlooss esou Sondagen ze organiséieren – oder och net. Dobäi wier et wichteg, en Instrument ze hunn, dat virum Walgang, awer och duerno erlaabt, detailléiert Analysen ze maachen, wéi zum Beispill Wielerwanderungen, an esou ze verstoen, wat déi ënnerschiddlech Wieler tatsächlech wollten – den ominéisen absolute Wielerwëlle gëtt et nämlech net.
Et wär un der Zäit, datt d'Chamber als Institutioun iwwerleet, di néideg Moyenen zur Verfügung ze stellen, fir datt esou Ëmfroe realiséiert kënne ginn. An net nees bis op de leschte Stëppel gewaart gëtt, fir ze mierken, datt nees eng Kéier näischt geschitt.