D'Walprogrammer hu gewisen, dass d'Fleeg keng Prioritéit duerstellt. Elo ass déi politesch Rentrée. De Regierungsprogramm gëtt nees geschriwwen. D'Anne-Marie Hanff huet sech Gedanken zu der schoulescher Leeschtung vun der Regierung an der Bedeitung fir den Nolauschterer gemaach.

AUDIO: Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Stellt Iech vir …

Dier musst Iech vun Haut op Muer mat enger Krankheet offannen, déi Iech Äert Liewen laang begleet.

Eng Krankheet, déi Äert Liewen, wéi Dier et Iech virgestallt hat, komplett op d‘Kopp geheit.

Eng Krankheet, déi dofir suerge kann, dass Dier op eemol ganz konkret mam Doud konfrontéiert gitt,

an dass Dier de Persoune mat deenen Dier frou sidd ... Ärem Liewensprojet musst Äddi soen!

Sou geet et ville Leit mat chroneschen Erkrankungen.

Wann Dier da virun deem Koup Schierbele stitt, ass einfach alles ze vill! Dier gesitt Iech virun engem net ze meeschtere Problem!

Stellt Iech vir …

do ass eng Persoun, déi Iech hëlleft all d‘Schierbelen nees zesummen ze rafen … déi sech ëm alles këmmert.

Stellt Iech vir …

d‘Infirmière ass déi Persoun, déi

- Iech hëlleft net un der Fro „Firwat ech?!“ ze verzweiwelen,

- déi Iech hëlleft ze kucken, wat Iech wichteg ass,

- déi kuckt un wat et Iech feelt an erkennt, dass et ënner anerem d‘Angscht vum Doud ass, déi et Iech am Moment onméiglech mëscht, de verbleiwenden Deeg méi Liewen ze ginn,

- déi ënnersicht wéi eng Facteuren Är Doudesangscht beaflossen an erkennt, dass et ënner anerem d‘Episode sinn, wou Dier keng Loft kritt,

- eng Infirmière, déi hir Erkenntnisser mat der Equipe vu Gesondheetsberuffler diskutéiert an dofir suergt, dass déi geplangten Interventiounen Äre Besoinen entspriechen,

- déi Iech hëlleft ënnert den Hëllefsangeboter dat richtegt fir Iech ze fannen an Iech och Zougang dozou ze verschafen,

- déi mat Iech kuckt, wat Dier géint d’Otemnout maache kennt, soudass enger onnéideger Hospitalisatioun entgéint gewierkt kann ginn an

- déi Iech an Är Famill doheem ënnerstëtzt ... en oppent Ouer fir Är Froen a Suergen huet.

Eng Infirmière kann Iech an Ärer Famill hëllefen, nees Hoffnung ze fannen an d‘Schierbelen nees zu eppes Neiem zesummen ze setzen.

Géingt Dier den Beruff vun der Infirmière elo nach an éischter Linn mat „Hënnere vun de Leit ofbotzen“ a Verbannung bréngen?

Dier hutt verstanen, dass Dier (wann Dier eng Kéier selwer Hëllef braucht) et wäertschätze wäert, wann d‘Infirmière dëst op eng Aart an Weis mëscht, dass Dier Iech net braucht ze schummen! Dat mëscht eise Beruff an eng gutt Infirmière aus an net den Akte selwer.

Elo stellt Iech vir …

den Infirmiersberuff gëtt et net méi.

D‘Prognos ass düster an d‘Politik kann dem ofgefuerenen Zuch just nach nolafen.

Well, leider gouf keng vun de geplangten Interventiounen aus dem Regierungsprogramm (1) déi d‘Fleeg betreffen ëmgesat. Mir waarden nach ëmmer op:

- Léisunge fir déi aktuell Versuergungssituatioun

- eng Vollerfaassung vum Fleegepersonal an eng Bedarfsanalyse vun den ënnerschiddleche Profiller oder

- en Audit zu de Stäerkten a Schwächte vun der Basisformatioun asw.

Dat wärend de Walcampagnë vill behandelt Thema „Sproochen am Gesondheetssecteur“ war iwwregens schonn Deel vum Regierungsprogramm.

Firwat goufen dës Punkten trotz der kritescher Situatioun nach net ëmgesat?

Wann déi nächst Regierung eng besser Nott wëllt kréien, da muss si dem Problem endlech an d‘ Ae kucken.

Well stellt Iech vir …

Dier géingt Iech an der uewe beschriwwener Situatioun befannen. Wiert Dier dann net och frou, wann d‘Fleeg vun der nächster Regierung zu enger Prioritéit géing gemaach ginn?!


1. Interesséiert Persounen kënnen dëst op der Säit 164 an 165 vum Regierungsprogramm noliesen.