A senger Carte Blanche mengt den Dr Rauchs, dass elo wou d'Ekipp vu Gambia confirméiert ginn ass, och den Numm Gambia rehabilitéiert misst ginn.

Anescht wéi zum Beispill an Däitschland a Frankräich, hunn déi Lëtzebuerger Protestwieler léiwer Leit ouni Iddien, wéi Leit mat schlechten Iddien gewielt. An si hunn domat och gewisen, wéi stolz se op hir Sprooch sinn, déi nach ni esou gesond a lieweg war, wéi haut. An dass eis d'Schwätzen also keng Ambulanz brauch, wéi dat am Walkampf demagogesch gefuerdert gouf.

Mat eisem populären Ausseminister hunn déi meescht Wieler dem Rietsextremismus "merde alors" gesot an aus dem populisteschen "Mir wëlle bleiwen, wat mer waren" e politeschen "Mir wëllen halen,wat mer hunn" gemaach. Wat awer och heescht, dass de Lëtzebuerger konservativ bleift an, zum Deel wéinstens, folgerichteg vun der CSV zu deene Gréngen trëppelt. Den ex-futur Premier leckt elo seng Wonnen an hie wäert geschwënn vu senge Kanner an engem totemisteschen Festmahl gefriess ginn, fräi nom Sigmund Freud senger Totem und Tabu -Theorie, dass d'Bouwen aus der primitiver Hord de Papp verspeisen, fir dono seng Fraen, spriech seng Wieler, ënner sech opzedeelen.

Mä esou wäit ass et nach net, well fir de Moment ass net nëmmen d'Ekipp Gambia bestätegt ginn, mä och den Numm Gambia ass rehabilitéiert ginn. Erënnert iech: déi schlecht Verléierer vun 2013 haten deemools op a eng condescendant, jo bal rassistesch Manéier der Koalitioun aus LSAP, DP an déi Gréng den Numm vun deem klengen westafrikanesche Staat ginn, wéi wann eng Banannerepublik dat selwecht wär, wéi eng Kachkéismonarchie. Mä et ass elo un der Zäit, dass de Numm Gambia net méi wéi e Makel empfonnt gëtt, mä wéi eng Devise, déi déi al an nei Koalitioun sech op hire blo-rout-grénge Fändel schreiwe soll.

A sengem Buch "Das Unheimliche" huet de Freud erkläert, wéi eis onbewosst ganz oft e Wuert a säi Contraire verdréint. Dat lëtzebuergescht Wuert Moss zum Beispill kënnt aus dem Jéineschen, wou et fir e liicht, zimlech onmoralescht Meedchen stoung. Haut ass eng flott Moss einfach eng attraktiv Fra. Ähnlech ass et dem Wuert Neger ergaangen: Wärend der Kolonialperiod war et pejorativ a rassistesch besat, dunn ass et politesch inkorrekt ginn, bis dat e puer schwaarz Intellektueller, wéi de Leopold Senghor oder den Aimé Césaire, d'Wuert négritude entdeckt hunn an du mat vill Eleganz a Selbstvertrauen der afrikanescher Kultur hir Lettres de noblesse erëm ginn hunn. Esou ass et och dem Jazz ergaangen: schwaarz Sklaven hunn en op den amerikaneschen Kottengsfelder erfonnt, hunn en dunn an de Bordelle vu New-Orleans erneiert a spillen en haut an der Philharmonie.

Vill Harmonie ass et och am Walkampf ginn, ze vill esouguer, an dofir wär et gutt, wann d'Gambiakoalitioun d'politesch Partitioun vun eiser Heemecht elo reegelrecht verjazzen a moderniséiere géif.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Rauchs