"Wanderdünen"

Politik ass ëmmer iwwerzeegt op festem Buedem ze stoen – egal op Regierung oder Oppositioun. Op dëse Buedem wierklech ëmmer sou a Bëtong gegoss ass – dozou eng Carte blanche vum Jean-Luc Thill.
Ënnert engem Dogma versteet een allgemeng eng Meenung, déi net falsch gemaach ka ginn, also ëmmer wouer ass. An eisem Kulturkrees gëtt et nëmmen eng Persoun, déi sou Wourechte fir all Éiwegkeet opstelle kann an zwar de Poopst, wann en eng Meenung als 'ex cathedra' also als onfeelbar deklaréiert. Fir d'lescht war dat 1950 de Fall, wou de Pius XII der Mënschheet, op d'mannst mol dem chrëschtlechen Deel dovunner, 'ex cathedra' kloer gemaach huet, datt d'Maria mat Leif a Séil wierklech am Himmel opgeholl gouf. D'Iddi, datt de Poopst sech net iere kann, ass iwwregens net sou al wéi ee menge kéint: eréischt 1870 huet den 1. Vatikanum dës Onfeelbarkeet 'ex cathedra' zréckbehalen. Niewebäi sief bemierkt, datt Zölibat net zu den Dogmen mat 'Onfeelbarkeet-Status’ gehéiert.
Souvill zur Geschicht. An engem moderne Sënn sinn Dogmen awer soss näischt, wéi intellektuell Wanderdünen. Wien dropsteet, ass dovun iwwerzeegt op festem, also sécherem dogmatesche Grond ze stoen an nawell drifft ee lues awer sécher - a virun allem onbemierkt – of. Op sou moderne Wanderdünen sëtzen noweislech politesch Parteien – well déi sech nach ëmmer drop behaapten, Recht ze hunn an um séchere Wee ze sinn, och nodeems se selwer schonns laang gemierkt hunn op Holzweeër 'à la Heidegger' ënnerwee ze sinn. Ass en da schlussendlech an der Sakgaass gelant, da muss d'Chamber, wéi och ëmmer méi Presse, sech der Wanderdün unhuelen, fir d'Fro vun der politescher Responsabilitéit ze stellen an natierlech oder virun allem de Konsequenzen, déi sech dorausser erginn. Wär déi lescht grouss Wanderdün vun der viregter Regierung mat Sécherheet d'Affär ronderëm de Geheimdéngscht, sou ass der aktueller Regierung hir Lieblingswanderün déi vun der Transparenz a Kommunikatioun. Déi aktuell Koalitiounsverhandlunge beruffe sech op eng ganz Nei an zwar, datt de Wieler de 14. Oktober déi geleeschten Aarbecht vun der leschter Legislaturperiod net ofgestrooft, mä confirméiert huet. Op der anerer Wanderdün, där vun der leschter an eventuell neier Oppositiounspartei ass et dogéint d’Argument, si wieren déi mat de meeschte Stëmmen, also déi stäerkst Partei. Dobäi legitiméiere sech dës Wanderdünen mam selwechten Dogma: deem vum ominéise Wielerwëllen an deem sengem Respekt.
Sou modern Dogmen, also intellektuell Wanderdünen, kennen och nëmmen een effikasst Géigemëttel: de gesonde Mënscheverstand a Gesetzer, déi sech dorops beruffen. Eng Méiglechkeet, géint sou Wanderdüne virzegoen, ass selwer schonns zu enger ginn: nämlech d'Iddi, fir d'Mandater vu Ministeren op zwou Legislaturperioden ze begrenzen, oder och nach Duebelmandater vu Gemeng a Chamber ofzeschafen, wéi se mol am viregte Walkampf proposéiert goufen. Deemools ass d'Iddi net gutt ukomm a mëttlerweil schéngt et, wéi wann dat och gutt sou wier, well déi aktuell Dogmatiker och laang erausfonnt hunn, datt si awer gären un der Muecht géife bleiwen.
Schlussendlech soll mat deem ville Gewanders awer eng Kéier Schluss sinn. De Schëllegen ass séier fonnt: eisen uralen an neierdéngs fuerchtbar ongerechte Walsystem. Dee muss geännert ginn – ee fir allemol an elo och wierklech fir zegudds. D’Iddi ass net nei, mä bis ewell huet kee sech dorunner gestéiert - jiddefalls net a politesche Kreesser. Op d'mannst kéint dës Iddi einfach iwwerpréift ginn: all Stull um Krautmaart ass an all Bezierk d’selwecht vill Stëmme wäert. Bleift d’Hoffnung, datt dësen Dossier net op en Neits just eng weider Wanderdün an eiser politescher Landschaft gëtt, wann et net schonns eng ass!