« Banalitéit vum Béisen »

D'Carte blanche vum Paul Hammelmann beschreift Episoden aus dem Liewe vun engem banalen, jo eigentlech normale Matmënsch. Si weist – zu enger Zäit, wou d’Ideologie vum Rietsextremismus ëmmer méi salonfäeg ginn – zu wat esou Regimmer a mir "normal" Mënsche fäeg sinn, wann de Kontext stëmmt an d’Politik dat zouléisst. Dëse Beitrag soll net als Zäitdokument, mä als Warnung verstane sinn!
Si hate sech zu Leipzig kennegeléiert.
De Jousef huet an der Uniklinik Medezin studéiert an d’Irène hat Konschtgeschicht zu Florenz geléiert.
Direkt no der Hochzäit wollte si mat hirem Opel Coupé en Tour duerch d’Alpe maachen, mee aus der Hochzäitsrees ass näischt ginn, de Jousef huet direkt musse schaffen goen an 3 Méint drop ass hiren 1. Fils, de Rolf op d’Welt komm.
Et ware laang Deeg fir de Jousef, mee och wann hie mol méi spéit vun der Schaff koum, huet hie sech nach Zäit geholl, fir mat de Kanner – si haten der entretemps 4 – ze spillen, während d’Irène d’Nuetiesse preparéiert huet.
De Jousef war zefridde mat senger Aarbecht an huet sech eng Éier draus gemaach, seng Aufgabe gewëssenhaft an zur Zefriddenheet vu senge Cheffen auszeféieren.
Säi Betrib war gutt organiséiert: si hu synthetesche Gummi un IG-Farben geliwwert, d’Föterfabrik Alex Zink huet hinne Fraenhoer ofkaaft an doraus Strëmp fir U-Boot-Matrouse fabrizéiert, d’Pharmaindustrie Schering a Bayer AG huet bei hinnen Tester fir fécondation in vitro an Typhusmedikamenter duerchféiere gelooss.
De Jousef war vu senge Confrèren unerkannt als bedeitende Medeziner op sengem Gebitt.
Hien huet dann och aussergewéinlech Experimenter duerchgeféiert, wéi Sterilisatioun mat Röntgenstralen oder Formolinjektiounen an den Ënnerleif.
An de Summerméint, wann d’Kanner am Bett louchen, ass de Josef mat senger Fra Kréischele plécke gaangen.
Hien hat an dësem Summer innerhalb vu nëmmen 8 Wochen 320.000 Judden an de Gas geschéckt.
Dem Josef säi Fachgebitt awer war Recherche iwwer monozygote Zwillingen an Deviatioune vum mënschleche Skelett.
Enges Daags sinn him 2 Männer opgefall – Papp a Fils – de Papp hat e Bockel an de Fils e Klompfouss.
Dës aussergewéinlech Kombinatioun huet säi wëssenschaftlechen Interessi belieft an hien huet seng Mataarbechter ugestallt, d’Skeletter fräizeleeën.
Déi 2 Männer, déi eréischt just aus dem Ghetto vu Lodz ukomm waren, hu Makkaroni z’iesse kritt, sinn ausgedoen an an de Kapp geschoss ginn.
Fir d’Fleesch vun de Schanke propper ze trennen, ass op Calciumhypochlorit verzicht ginn an d’Kierpere sinn a Bitercher 5 Stonne laang virun der SS-Barack gekacht ginn.
D’Männer vum Sonderkommando**, auserhéngert, hunn heemlech d’Fleesch aus de Bitercher giess, an der Meenung et wier de Menü fir d‘SS-Mannschaft.
D’Skeletter sinn den Dag drop mat Spezial-Courrier an den anthropologesche Musée op Berlin transportéiert ginn. Op der Këscht stoung: „Eilpost. Geheime Kommandosache."
Ënnerschriwwen: „Dr Josef Mengele, Ausschwitz“
E banale Mënsch.
* Hannah Arendt
**Sonderkommando: Häftlingen, meeschtens Judden, déi bei de Gaskummeren an den Krematorien geschafft hunn.
Dokumentatioun:
Olivier Guez „la disparition de Joseph Mengele »
Prix Renaudot 2017
Miklós Nyiszli « Médecin à Auschwitz »