Virausgesat, si stelle sech nei op. Eng "Carte blanche“ vum Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist Marc Glesener.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Glesener

An de leschte Wochen an Deeg ass an de Medien - och op dëser Antenn -  vill iwwer d’Zukunft vu Volleksparteie Rieds gaangen.

Den Hannergrond si rezent a manner rezent d’Walresultater heiheem souwéi an eisen Nopeschlänner. Sozialisten a Chrëschtdemokraten hunn do op ville Plaze staark misse Plomme loossen.

Parallel zum Réckgang bei dësen traditionellen an ideologesch gefestegte Parteien hunn engersäits nei kleng politesch Schnellbooter an anerersäits déi Gréng a leider och Populisten an Extremiste gepunkt.

Manner Ideologie, méi Pragmatismus, méi Demagogie a Versprieche vun einfache Léisungen? Ass dat d’Formel no där d’Parteielandschaft duercherneegerëselt gëtt?

Jo, esou gesäit et aus. Ursaache fir dës Entwécklung ginn et der méi.

Nu ass et ganz kloer esou, dat vill Leit ëmmer manner mat Ideologien eppes kënnen ufänken a sech – anescht ewéi fréier - ëmmer manner enger bestëmmter politescher Famill zougehéiereg spieren.

Dann ass et och esou, datt Politik méi ewéi jee mat Käpp a Verbindung bruecht gëtt. Doriwwer eraus jugéiere vill Wieler d’Politik eenzeg an eleng vun hirer direkter perséinlecher Warte aus. D’Individualiséierung vun der Gesellschaft ass deemno och an der Politik gelant, mat allem, wat dat mat sech bréngt.

Wat bedeit dëst elo fir d’Volleksparteien, fir hiert politescht Personal a fir hir Programmatik?

Ganz einfach. Si musse sech nei opstellen. Virun allem muss hir DNA kloer erkennbar ginn. Firwat steet een a firwat net. "Kante zeigen", soen eis däitsch Noperen dofir. Dat ass keng einfach Übung fir Parteien, déi eigentlech iwwer Joerzéngte ganz breet opgestallt waren, an no baussen an no banne ganz ënnerschiddlech Positiounen op e gemeinsamen Nenner bruecht hunn.

Volleksparteien hunn traditionell verschidde Fligelen. Hir Politik ass deemno e Kompromëss. An eben dat-  esou schéngt et - geet haut de Wieler net méi duer.

Stéchwuert programmatesch Erneierung: Volleksparteie mussen hire Profil schäerfen. Fir duerno dann erfollegräich bei Walen ze sinn, muss och Interessi u Programmer bestoen. An de Woche virun de Walen heiheem ass mir ëmmer erëm opgefall, wéi wéineg iwwer dat gewosst war, wat Parteien am Fong virgeschloen hunn. Et ass eben méi einfach, deenen nozeplapperen, déi soen, et géif keng Differenzen an näischt Neies ginn, ewéi Programmer ze liesen.

Egal wéi: Parteien, virun allem Volleksparteien, mussen aner Weeër fannen, Inhalter un d'Fra an un de Mann ze bréngen. Dobäi kënne se nëmme mat engem gudde Mix vun Empathie a Kompetenz punkten.

Et gëtt gesot, d’Volleksparteie wieren en Auslafmodell. De Lénks-Riets-Schema ass esou e Modell. D’Volleksparteie mengen ech net.

An dësem Kontext stoung virun Deeg en interessanten Artikel an der Welt, an deem sech mat den zwou grousse Volleksparteien an Däitschland beschäftegt ginn ass.

D’Konklusioun war déi, datt SPD an Unioun wesentlech dozou bäigedroen hunn, dat Däitschland nees opgebaut konnt ginn an zu deem ginn ass, wat et haut ass. Dat ass net näischt. Dat däerf net vergiess ginn.

Elo missten d’Volleksparteien am Haut ukommen, de Leit besser nolauschteren, sech den Erausfuerderunge vun haut stellen a kloer Konzepter fir muer entwéckelen.

Am Kloertext: si musse mat ale Reflexer, Rezepter an dem Selbstverständnes, Regierungspartei ze sinn, briechen.

Dat kann een 1 zu 1 och op Lëtzebuerg iwwerdroen.