Wunne gëtt hei am Land ëmmer méi deier an déi néideg Sozialwunnenge feelen. Ee Moyen fir an deem Beräich méi schnell virun ze kommen ass de Modulbau. Dozou eng Carte Blanche vum Gilles Hempel, Direkter vun enger ONG a Virdenker am Logement.

AUDIO: Carte Blanche vum Gilles Hempel

Aktuell hu mir zu Lëtzebuerg zwee grouss ëffentlech Bauträger: D’SNHMB mécht säit jeehier ee ganz gudden Job an och de Fonds du Logement schéngt sech ënnert neier Féierung esou lues erëm ze erkréien. Si hunn Allenzwee grouss Projete fir déi nächste Jore geplangt. D’SNHBM baut zou Keelen ee super innovative Projet mat iwwer 800 Wunnengen an de Fonds du Logement huet gläich zwee esou grouss Projeten an der Pipeline: Een zu Diddeleng an een zou Wolz. Domat wäerten déi zwee ëffentlech Promoteur awer fir déi nächste Joren zimlech ausgelaascht sinn. Mee net nëmmen si. Och bei de Baufirmen an den Handwierker fänkt et un enk ze ginn. De Projet Elmen vun der SNHBM muss an dräi Phase gebaut, well net genuch Baufirmen disponibel sinn, fir alles beieneen ze bauen. An och zou Diddeleng an zou Wolz wäert musse ganz lues step by step gebaut ginn, well Bauaarbechter feelen. An och keng neier méi op Lëtzebuerg kommen.

Vun deem Loun, deen een do kritt, kann ee sech et nämlech net méi leeschten, fir hei zu Lëtzebuerg würdeg ze wunnen. De ganzen Dag um Chantier malochen, fir dann owes an engem schmuddelege Cafészëmmer ze hocken. Fir esou ee Liewe kommen ëmmer manner Leit op Lëtzebuerg. Mir si mëttlerweil an engem richtegen Däiwelskrees ukomm: Mir hu keng abordabel Wunnengen, fir déi Leit ze logéieren, déi eis déi nei Wunnenge baue sollen.

Wéi solle mir deen historesche Retard vun deenen 30.000 feelende Sozialwunnengen ophuelen, wa kee kënnt fir eis se ze bauen?

Villäicht musse mir ganz nei Weeër goen an eis vun der klassescher Bauweis verabschiden. Op alle Fall brauche mir onbedéngt nach mindestens een zousätzleche Bauträger. Deen neien Acteur kéint sech dann op de Modulbau spezialiséieren. Bei der Approche gi Wunnengen a Form vu Moduler an enger Fabrick komplett fäerdeg produzéiert. Clef en main. Mat Kichen, Buedzëmmer, fäerdeg ugestrach, usw. Mir kéinten déi Modulen am Ausland produzéieren an dann hei opriichte loossen. Lokal brauch een dofir ganz wéineg Manpower.

Déi Modulen hunn hautdesdaags ee Komfort, deen enger klassescher Bauweis an näischt méi nosteet. Och energetesch si si um neiste Stand. Ee karéierten Urbanist kéint sech villäicht un der quadratescher Ästhetik stéieren. Mee soss gëtt et eigentlech keen Argument dogéint.

Ob eis am Logement d’Quadratur vum Däiwelskrees gelénge wäert, steet haut nach an de Stären. De Modulbau géif eis awer schonn ee gutt Stéck weiderbréngen.