Optimismus

Lo steet se jo, ons nei Regierung. No laange Woche vu Verhandlungen, hunn déi 3 Parteie jo e Kompromëss fonnt, fir e gemeinsame Regierungsprogramm. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.
Nodeems ech de Koalitiounsvertrag eng éischte Kéier gelies hat, si mer spontan mol dräi Wierder agefall: Kontinuitéit, Optimismus, a mir loossen et ons eppes kaschten.
Kontinuitéit, natierlech, well déi selwecht Parteie jo an d’Regierung ginn, an et och logesch ass, dass si déi Politik weiderféieren, déi se an de leschte Jore gemaach hunn.
Optimismus well een d'Gefill kréit, dass mer an allen Domainen an den nächste Joren déi Bescht vun der Welt ginn. Mir moderniséieren ons duerch Digitaliséierung, mir ginn 100% ökologesch, mir schaffen et, dass jiddereen Zäit kritt fir d’Famill duerch méi Flexibilitéit, mir maachen en Sprong no vir am Beräich vun der Sozialer Gerechtegkeet, an mir schaffen et souguer nach d’Kompetitivitéit vun onsen Betriber ze verbesseren. Och de Logement an d’Mobilitéit kréie mer an den Grëff. Alles dat erreeche mer duerch massiv Investissementer an duerch nei Strukturen, déi mer schafen. Ech brauch mer keng Suergen ze maache fir d’Zukunft vu menge Kanner: Aarbecht gëtt et es genuch an den nächste Joren zu Lëtzebuerg.
Gutt, e Koalitiounsofkommes ass nach laang keng real ëmgesate Politik, mä éischter eng Wonschlëscht, wat jo gutt an dës Zäit tëscht Kleesercher- a Chrëschtdag passt.
Beim Ëmsetze vun dësen ambitiéisen Zieler, gesinn ech dann awer dass dat wahrscheinlech guer net sou einfach gëtt. Ech erkläre mech.
Dës Woch ass jo a Polen d’Uno-Klimakonferenz ugaangen, a mir wëssen alleguerten, wéi dréngend dës Fro ass, wa mer net als Mënschheet an eng onberechenbar Katastroph rutsche wëllen. Am Koalitiounsofkommes gëtt dëser Fro e ganz grousse Stellewäert zougerechent. D’Nohaltegkeetsziler aus dem Agenda 2030, genau sou wéi de Klimaaccord vu Paräis, ginn als grouss Leitlinne vun der Entwécklung fir Lëtzebuerg zitéiert. Wa mer dat eescht mengen, huet dat natierlech enorm Konsequenzen op all aner Beräicher, an als éischt natierlech op ons Wirtschaft an op ons Consommatioun vu Ressourcen. Et wär naiv ze gleewen, dass mer einfach duerch den technesche Fortschrëtt, duerch d’Optimisatioun vun onsem Energieverbrauch oder eng nei Zirkularwirtschaft dat Ziel vun der Limitt vun Äerderwiermung vu maximal 1,5 Grad géifen erreechen. Mir sinn ons jo all bewosst, dass mer zu Lëtzebuerg onse Liewensstil mussen änneren; dat huet mat sou einfache Saachen ze dinn: wéi net méi mam Fliger fléien, ganz wéineg Fleesch iessen, manner mam Auto fueren, méi kleng Wunnengen ze bauen, keen Swimmingpool am Gaart ze hunn, manner Wueren ze kafen, an och net eng Milliard Youtube-Filmercher op Serveren ze stockéieren.
De Klimaschutz ass eng global Fro, keng déi sech just duerch Elektroautoe léist.
Dofir feelt et mir an dësem Koalitiounsprogramm un enger globaler a kritescher Visioun, wéi ons Gesellschaft soll a 5 oder 10 Joer ausgesinn. Do mussen déi Zieler vun deene grousse Beräicher, Klima, Soziales an Wirtschaft iergendwéi zesummebruecht ginn, an an hirem komplexen Zesummespill analyséiert ginn. De Risiko ass grouss, dass d’Realpolitik dozou féiert, dass dann awer d’Fro vun der Nohaltegkeet ëmmer verléiert, wa Wirtschaftsinteressen am Spill sinn. Wéi eng Politiker hu schonns de Courage fir der Wirtschaft ze erklären, dass d’Zäite vun der bëlleger Energie eriwwer sinn, oder dem Vollek ze verkafen, dass de Bifdeck 50 % méi deier gëtt, wann en aus enger nohalteger Produktioun kënnt. Heiansdo hunn ech d’Gefill, dass mer ons alleguerte gäre selwer beléien. Am Noutfall probéiere mer dann nach déi kriddeleg Decisioun an d’Zukunft ze verleeën, da muss einfach déi nächst Regierung dru gleewen.
Mä ech wëll awer net ze pessimistesch sinn, an hoffen da staark, dass déi vill nei Zieler, a besonnesch déi vun der Nohaltegkeet, déi mer onse Kanner schëllegen, och wierklech vun der neier Regierung an ugrëffeg geholl ginn, an dass mer a 5 Joer zu Lëtzebuerger an engem Land liewen, dat ökologesch a sozial zu de progressiivste Länner vun der Welt gehéiert.