Zanter virgëschter ass déi nei Regierung a Funktioun. De Koalitiounsaccord huet genau 256 Säiten. Dëse Programm soll an deenen nächste 5 Joer vun deenen dräi Parteien zesumme ëmgesat ginn. Den Marc HOSTERT mat en puer Iwwerleeungen zum Regierungsprogramm.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Hostert

Den Titel vum neien Koalitiounsaccord 2018-2023 vu Blo, Rout a Gréng huet als Iwwerschrëft an franséischer Sproch: “Ambitieux, équitable et  durable”.

De Programm besteet aus 36 Kapitelen en Fonction vun méiglechen Departement ministeriell an zwou Annexen, wou eng Rëtsch vun groussen Investitioun-Projeten am Transport an an der Educatioun drop stinn. Et stinn eng ganz Partie gutt a wäertvoll Punkten dran.

Um Site vum Gouvernement.lu steet och e ganze Pack vu Bréiwer an Noten, déi wärend de Koalitiounsverhandlungen un de Formateur gericht gi si vun Associatiounen a Verbänn.

.. en Koalitiounsprogramm mat villen wäertvollen Punkten 

Ech hu mer de Programm ugekuckt ënnert dem Gesichtspunkt vun den méiglechen Hypotheesen, déi dem Programm zu Gronn leien an ënnert dem Gesichtspunkt vun eisem zukünftege Wuesstem vun eiser Ekonomie.

Suergen oder besser Froe stellen ech mer, wat an deenen nächste Jore mat eiser Staatsschold geschitt. Am Regierungsprogramm steet, dass dës Regierung d’Staatsschold ënnert 30 % vum PIB hält. Aktuell läit eis Schold bei ongeféier 22% vum PIB. Heescht dat, dass mer an deenen nächste fënnef Joer nach méi Schold maache kënnen. deemno weider méi Schold op eis Kanner verierwen an nach manner durabel sinn.

..  geschriwwen ënnert optimisteschen Hypotheesen ...

Sinn dës 8 % Differenz, méiglecherweis d'Spillwiss, déi et erlabe wäert, sollt et haart op haart kommen, de Regierungsprogramm ganz oder deelweis ëmzesetzen?

Aktuell bezuele mer ronn pro Joer 180 Milliounen Zënse fir eis Schold zeréck. Dann si jee no Gréisst 2-3 Lycéeë pro Joer oder 500-600 Wunnenge pro Joer.

Bei de Renten a Pensioune gëtt an deenen nächste 5 Joer keng Reform gemaach, déi dem demographesche Facteur Rechnung dréit. Dat heescht, dass mer weider tëschent 3 an 3,5 % Wuesstem mussen hunn, dass dës Equatioun opgeet, ouni Staatsschold an d'Luucht ze setzen an d'Reserven all opzebrauchen.

Dëst sinn 2 Beispiller, wo ech mengen, dass dëse Regierungsprogramm ënnert ganz optimisteschen Hypotheesen opgestallt ginn ass, ouni all ze vill d’Risiken, déi méiglecherweis op eis zoukommen, ze consideréieren.

.. Risike si méi wei do ...

Dës Risike sinn:

  • En Zens Risiko: Wann d'Zënse klammen, klëmmt mëttelfristeg de Loyer vun eiser Staatsschold;
  • En Konjunktur-Risiko: mir gi méiglecherweis engem Konjunkturwiessel ausgesat, well mer um Enn vun engem positiven Zyklus ukomm sinn;
  • En Struktur-Risiko: Zum Beispill den Automobilsecteur, wou mir och eng Partie Entreprisen a Beschäftegter hunn, gëtt strukturell duerch d’Elektromobilitéit drastesch verännert;
  • En Demographie-Risiko: Wann d’Nopesch-Länner ekonomesch manner attraktiv ginn a mir och nëmmen d’selwecht bleiwen, si mir relativ besser an mir kréien eng zousätzlech Partie europäesch Matbierger, déi op Lëtzebuerg wunnen a schaffe kommen, wei dat no der Banken- a Finanzkris 2008 war;
  • De "klengt oppent Land"-Risiko: Mir si vill méi ofhängeg vun aneren, well mir hu keen eegene Bannemaart;
  • De Risiko vun eisem intraseque systemeschen an obligatoresche Wuesstemspad vun 3 bis 3,5 % fir eis Sozial- Systemer laangfristeg oprecht ze erhalen.

...  Scholde maachen ass sécherlech net durabel ....

Gambia I hat am Ufank vun der Regierung 2013 de Wand vun der Weltkonjunktur net am Réck. Am Laf vun den 2 éischte Joren ass Konjunktur besser ginn. Haut am Ufank vu Blo, Rout a Gréng hu se nach de Wand vun der Konjunktur am Réck, dee kéint awer dréien an dëser Legislaturperiode. Dofir géif et sech gutt maachen, dëse Koalitiounsprogramm reegelméisseg an de Kontext vun der Ökonomesche-Situatioun ze setzen, fir eng robust an adaptiv Strategie ze hunn ouni Staatsscholden an d'Luucht ze setzen.

Dëst géif sécherlech net nëmmen zum Titel vum Koalitiounsprogramm  “Ambitieux, équitable et durable” bäidroen, mä och den zukünftege Generatioune guttdoen.

* De Marc Hostert ass Ekonomist a schafft op enger europäescher Institutioun.