Dat, wat hanner der Mobilisatioun vun de giele Gilete stécht, muss der Politik ze denke ginn. Iwwerall an Europa. Eng "Carte blanche" vum Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist Marc Glesener.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Glesener

D’Mobiliséierung vun de giele Gileten am Nopeschland Frankräich ass duerch dat mäerderescht Attentat zu Stroossbuerg medial an den Hannergrond geréckelt. Dat ass normal. Domat ass d’Onzefriddenheet an de Protest vu ville Fransousen awer nach net eriwwer. Ganz am Géigendeel. D’Leit mat de giele Sécherheetsvesten hunn eppes ausgeléist, wat der Politik ze denke muss ginn - an dëst iwwer d’Grenze vu Frankräich eraus. Wann d’Zuel vun de Mënschen, déi et net méi fäerdegbréngen, dezent ze liewen, ëmmer méi grouss gëtt, ass dat e reegelrecht gesellschaftlecht Polverfaass. Dobäi kennt, datt et an eisen Demokratië matten an Europa Plaze gëtt, wou de Rechtsstaat komplett demissionéiert huet an esou ze soe rechtsfräi Raim entstane sinn. Frankräich ass hei e gutt Beispill.

Am Resumé also fille vill Leit sech vum Staat eleng gelooss an net méi beschützt a geschützt.

Nu ginn et an deem Kontext keng einfach Léisungen. Dofir ass dës Situatioun jo och en Nährbuedem fir Populisten an Extremisten, déi op ville Plazen um kommen oder schonn do sinn.

Et wier elo definitiv un der Zäit, datt d’Politik eppes ënnerhëlt. Datt se Äntwerte liwwert an d’Problemer vun de Leit upéckt.

An dësem Kontext huet mer eng Interventioun vun engem klenge franséische Kommerzant gefall, deen der Politik d’Fro stellt, firwat seng Steierlaascht ëmmer eropgeet a seng ëmmer méi grouss an iwwermächteg Konkurrenz, hien huet de weltwäit gréissten Onlinehändler gemengt, guer net oder wann, da ganz moderat, steierlech belaascht gëtt.

Eng Äntwert op seng Fro krut hien net.

Heiheem hu mer glécklecherweis nach keng franséisch Verhältnisser.

Mä och hei besteet de Risiko vun enger sozialer Spaltung. Ech denken hei besonnesch un d‘Logementsfro. Mat enger normaler Paie ass de Kaf vun engem Eegenheem bal net méi dran. D’Loune gëtt ëmmer méi deier. An domat ass de Logement déi sozial Fro zu Lëtzebuerg schlechthin.

E Luxusproblem, wann een et aus der franséischer Perspektiv kuckt. Awer heiheem eng Fro, déi muss ugepaakt ginn. Et ass eng, wann net déi zentral sozial Fro. Et heescht upaken, net nokucken.