Grossherzogins Geburtsdag war op dësem Datum, wéi ech nach e Bouf war. Mir stoungen eis do brav d’Been an de Bauch am Rousegäertchen, fir an der Keelt vum Wanter dem Fakelzuch an der Neier Avenue nozekucken. Wann et gutt goung, hate mer e klenge rout-wäiss-bloe Fändelchen fir ze wénken.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Kremer

D’Zäiten hu geännert, den Haff ass bliwwen, och wann aus dem Grossherzog e Grand-Duc gouf, sécher fir d’lëtzebuergescht héich ze halen.  Nach grad sou wéi deemools gëtt um Haff oder, méi dichteg, un der Staatsform bis elo, an trotz der frësch opgebotzter Verfassung, den Haff net a Fro gestallt, och wann Ierfmonarchie am Widdersproch mam 1. Paragraf vun den Hellege Mënscherechter steet. Stellt iech mol fir: eng Fra, e Mann oder en Zougewanderten mat Lëtzebuerger Pass dierft net Bréifdréier, Schoulmeeschter oder Autobuschauffer ginn. Fir Staatschef awer si mer all diskriminéiert a kee wackelt mam Ouer dogéint.

Wuel gëtt dann de Staatschef gär schlau als “Dier-Opmécher” duergestallt, wa mir eis am déifsten Ausland wëlle verkafen, wou se zanter Joren a Joerzéngte kee Monarch méi als Ierfherrscher hunn, nach wëlle kréien.

Well wann eppes stëmmt, dann dat: e roude Léiw op blowäissem Feld zanter dem groussen Hari, dem  “Arrigho alto” – huet den Alighieri Dante dee genannt – dorop stolz ze sinn, kënnen nëmme mir – wann de Stefan Berne mat sengem Gielchen dat och wëllt.

E klengt Vollek, dat 3, 4, 5 Sprooche lallt – soe béis monophon Auslänner – dat sech mat engem Tripel A bretze kann, dat si mir a vläicht brauche mer dat, nämlech e schneidege Grossherzog, dee seng diskret Hand iwwer eis hält, wann Deen do uewen mol kuerz näipt. A mir vergiesse meng Grouss-Monnien, déi virun 100 Joer d’Republik hei ausgeruff hunn.