Nicaragua: Ass dat an Afrika ?

Haut schwätzt d'Magali Paulus eis vum Nicaragua. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
Dës Fro ass mir tatsächlech eng Kéier gestallt ginn! Nicaragua ass dat gréisste Land vu Mëttelamerika, trotzdeem nach ëmmer e klengt Land, wann en déi aner Länner vum amerikanesche Kontinent kuckt. Et ass och dat äermste Land vun Amerika no Haiti. E schéint Land vu Vulkanen, Séien, Karibik- a Pazifikküst, mee kee Pëtrol, keng rare Mineralien, net vill Gold. Et ass och eent vun de 7 Partnerlänner vun der lëtzebuergescher Kooperatiounen. Et héiert een net vill vu Nicaragua an de Medien, obwuel do zanter Abrëll lescht Joer eng richteg lass ass. Nicaragua gëtt zanter 2006 vum Daniel Ortega presidéiert. Hie war ee vun de Responsabele vun der Sandistischer Revolutioun an den 80er. An den 90er haten d'Sandinisten hir Emprise op de Pouvoir verluer an déi riets Regierungen neoliberal Politiken agefouert. Vu 2006 un huet den Ortega déi neoliberal Politike weidergefouert a sech a seng ganz Famill un der Muecht installéiert, souwuel politesch wéi ekonomesch.
Duerch e puer Assistenzprogrammer huet en d'Extremaarmut e bëssen erofbruecht, mee am grousse Ganzen huet virun allem seng Famill a seng Frënn an net d'Vollek vum wirtschaftleche Wuesstem profitéiert.
Am Abrëll, no engem schlecht geréierte Brand an enger Naturreserve an no der Baisse vun de Prestatioune fir d'Pensionären, si Leit op d'Strooss gaangen. Den 18. an 19. Abrëll si Manifestatioune vu Studente brutal vun der Police ënnerdréckt ginn. Doropshi goufen et déi éischt Doudeger. Ënnert hinnen e 16 Joer ale Bouf, deen de Studente Waasser brénge wollt. Duerch déi éischt Doudeger goufen et Barrikaden, Manifestatiounen a méi Brutalitéit vun der Police.
Lo, no 9 Méint ass laut dem Ortega a a senger Fra, déi och Vizepresidentin ass, nees alles normal. Keng Barrikadë méi, keng Manifestatioune méi, ausser déi, déi si selwer organiséieren. Dofir awer 325 Doudeger an iwwer 2.000 Blesséierter, 550 politesch Prisonéier, 300 entloosse Membere vum Gesondheetspersonal, op d'mannst 144 Studenten, déi vun der nationaler Uni (UNAN) erausgeheit goufen, an zougemate Medien an ONGen. Lëtzebuergesch Ministeren hunn am Juli d'Mënscherechtsviolatioune condamnéiert an déi bilateral Hëllef agefruer, mee wéi gëtt et weider ?
D'Lëtzebuergesch ONGen ënnerstëtze weiderhin an ëmsou méi déi vulnerabelst Populatiounen an d'Zivilgesellschaft am Nicaragua an am Exil.