Iwwerweisunge vu Sue per Telefon musse weiderentwéckelt ginn

An dëser Carte blanche vum Michel Maquil gëtt gewise wéi Lëtzebuerg mat aner Partner, besonnesch an Afrika, eng ganz sënnvoll Hëllef leescht, fir esou Systemer méi sécher ze maachen.
A munchem Entwécklungsland ginn haut scho ganz vill Iwwerweisunge vu Suen iwwer mobil Telefone gemaach. Déi Systemer fir Geld ze iwwerweisen, sinn awer nach ganz fragil an duerfir muss vill gemaach ginn, fir déi méi sécher ze maachen.
A wäiten Deeler vun Afrika ginn ablécklech, baussen de grousse Stied, déi meeschten Iwwerweisunge vu Geld iwwer de Reseau vu mobillen Telefonen ausgefouert. Et ass eng grouss Errongenschaft déi et erméiglecht, och an entleeënste Géigenden deene meeschten Awunner den Zougang zu dem Finanzsystem ze erlaben ouni datt dofir héich Käschten entstinn. Iwwert dee Wee ass et och méiglech deene selwechte Leit elementar Finanzdéngschtleeschtungen unzebidden wéi: Mikrokreditter, Mikroversécherungen an och Spuerpläng. Esou soll jidderengem d'Méiglechkeet gi ginn, sech progressiv finanziell eegestänneg ofzesécheren.
Dat héiert sech ganz gutt un an effektiv si vill positiv Resultater an enger ganzer Rei vun afrikanesche Staate verzeechent ginn. Mä wéi esou dacks ginn et och grouss Risike mat esou neie Systemer. Een dovunner ass, genee wéi an eise Länner, d’Sécherheet vun esou Infrastrukturen. An Afrika kënnt derbäi, datt déi meeschte Leit keng modern Apparater hunn an op villen Informatiksystemer seele rezent Betribssystemer installéiert sinn, well kee sech se leeschte kann.
Dat mécht, datt déi Systemer fir Geld ze iwwerweisen, fragil sinn an duerfir leider dacks onreegelméisseg fonctionnéieren a geleeëntlech deeglaang ausbleiwen. Fir déi betraffen Awunner ass dat eng Katastroph, well si dat Geld dréngend brauchen, fir hir Famill ze ernieren oder fir an der Landwirtschaft oder am Handwierk Aktivitéiten ze entfalen.
Do ass et ze begréissen, datt am Kader vun der Entwécklungshëllef d'Lëtzebuerger Regierung zesumme mat der Europäescher Investitiounsbank an anere Partner eng gréisser Aktioun gestart huet, fir an deene Länner spezifeschen Acteuren direkt ze hëllefen, hir Systemer besser ze organiséieren a virun allem méi sécher am Betrib ze maachen. Am Fall wou ee System vu baussen attackéiert gëtt, gëtt och gehollef fir d'Schwächten ze identifizéieren a se dann ze eliminéieren, fir esou dee System méi sécher ze maachen. Derbäi kënnt awer och, datt een Deel vun der Aarbecht vu Lëtzebuerg aus ka gemaach ginn, wou esou guer héichqualifizéiert Aarbechtsplazen entstinn, wat schlussendlech och indirekt ee positiven Impakt op d'Sécherheet vun eise Systemer huet.
Et ass erstaunlech, datt déi Initiativ weltwäit eng vun de ganz wéinegen duerstellt, déi bis elo geholl ginn ass, fir den Entwécklungslänner ze hëllefen. Et ass eng äusserst sënnvoll Entwécklungsaktioun, déi hei geleescht gëtt an déi deenen Acteuren, déi an Afrika an der Entwécklungshëllef aktiv sinn an och op esou Systemer ugewise sinn, et erméiglecht méi wierksam ze schaffen.
Et wier wënschenswäert, datt nach méi Länner an aner Partner op dee Wee ginn, fir datt de gesamten afrikanesche Kontinent sech esou séier wéi méiglech weider entwéckele kann.
*Michel Maquil
Fräie Finanzberoder
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse