Bei der Gemengeplanung: net nëmmen an de Steen mä och an de Mënsch investéieren

A ville Gemengen ass d’Awunnerzuel an de leschte Jore staark an d’Luucht gaangen. Gelder gi massiv an Infrastrukturen investéiert. Mobilitéitsproblemer stelle sech a brauchen Äntwerten. Mä geet et duer, nei Stroossen an nei Gebaier ze bauen a besser Uschlëss un d’Verkéiersnetz virzegesinn, fir dat an eise Gemengen nei an al Awunner als Gemeinschaft zesummewuessen?
Wunnenge gi gebaut, déi nei Awunner unzéien. Nei Schoule, Maison Relaise, Kläranlagen a Stroosse musse geplangt a mat Zäit fäerdeg gestallt gi, fir de Bedürfnisser vun den neien Awunner gerecht ze ginn.
Mam Budget stellen d’Gemengeverantwortlech d’Weiche fir d’Entwécklung vun hirer Gemeng, leeë Schwéierpunkte fest bei den Ausgaben an Investitioune, fir de legitimmen Uspréch vun all hiren Awunner gerecht ze ginn. Iwwert d’Dotation financière, eng direkt Participatioun un ëffentlechen Infrastrukturen oder mat Instrumenter wéi dem Pacte Logement gräift de Staat de Gemengen dobäi anstänneg ënnert d’Äerm.
Sécher sinn Investissementer a Gebaier an Infrastrukturen immens wichteg, fir datt d’Gemengen hiren Awunner eng gutt Liewensqualitéit kënne bidden.
Mä geet dat duer, fir datt all d’Awunner zu enger Gemeinschaft zesummewuessen?
Gemengepolitiker wëssen, dass mer Plaze brauche, wou d’Leit sech kënnen treffen, kenneléieren oder austauschen. Scho beim Plange vu neiem Wunnraum muss dru geduecht gin, wéi a wou d’Awunner zesummentreffen , wéi di ënnerschiddlechst Residenten aus der Gemeng d’Geleeënheet kréien, sech ze begéinen.
Nei Lotissementer sollen Treffpunkter bannen a bausse virgesinn, als Brécken fiert d’Zesummeliewen. Misst dëst net systematesch als Oplo fir d’Architekten a Promoteure virgesi ginn?
Mä natierlech geet et net duer, Plazen ze schafen. Mer brauche lokal Initiativen, déi d’Zesummeliewe fërderen an dës Plaze beliewen. De Benevolat spillt heibäi op lokalem Plang eng eminent wichteg Roll! Mee och de professionellen Encadrement an d’Schafe vun neie Beruffsbiller op de Schnëttstelle vun der Gemengeverwaltung an der Zivilgesellschaft si wichteg. Mer brauche nei Äntwerten op d’Erausfuerderunge vun der heterogener Populatioun an eise Gemengen, mat all hire verschidde Sproochen, hiren ënnerschiddleche Kulturen an hiren diverse Liewenserfarungen.
Iwwregens: mam Internetsite integratioun.lu huet Lëtzebuerg eng nei Base de données mat enger Hellewull konkreten Iddien, Projeten a Kontakter, déi am Kontext vum Zesummeliewen an eise Gemengen eng onerschëpflech Quell vun Inspiratioun duerstellt.
Hoffe mer, datt eis kommunal Verantwortlech beim Verwalte vum Zouwuess an eise Gemengen och un déi mënschlech Komponent vum Zesummeliewen denken, an datt di zoustänneg Ministère bereet sinn, innovativ Handlungskonzepter genau esou grousszügeg ze ënnerstëtze wéi Investitiounen an d’Infrastrukturen.