Virun e bësse méi wéi 50 Joer huet de Martin Luther King geruff "I have a dream". Wa mir eis Zäit wéilten ëmschreiwen, géife mir villäicht éischter soen : "mir hu keen Dram, keng Utopie méi". Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Center Jean 23.

AUDIO: Carte Blanche vum Paul Estgen

Natierlech ass et riskéiert, fir e globaalt Jugement ofzeginn iwwert de Gefillszoustand vun eiser westlecher Welt. Mee ech hunn d’Gefill, dass mir un enger kollektiver Depressioun leiden. D'Ursaach ass net, dass et eis objektiv schlecht geet, den Liewensstandard ass an alle Beräicher vill besser ginn, mee ëmmer méi Leit hunn Angscht virun der Zukunft. Dës Angscht ass de Motor vun esou ville soziale Beweegungen an Europa. Dëse Phänomen fanne mir genau sou bei engem Brexit, bei der Wal vu populistesche Parteien oder bei der Beweegung vun de "Gilets jaunes" a Frankräich. Déi Ängschte féieren dozou, dass mir de Bléck no hanne riichten, dass mer Halt sichen un eisen nostalgesche Gefiller vu fréier, wou dach alles besser war.

Et feelt eis einfach un Utopien. Utopien, déi positiv Zeenarie fir d’Zukunft sinn. Mee Utopië falen net vum Himmel, mir mussen erëm ufänken, ze dreemen. D'Politik an d'Vollek soll sech eppes Neies fir muer ausdenken. An enger demokratescher Gesellschaft ass et och net schlëmm, wann et verschidden Utopië gëtt, dass diskutéiert a verhandelt gëtt, mee et ass mol virrangeg, dass iwwerhaapt Iddien op den Dësch kommen.

Mir ass dat déi lescht Kéier op engem Colloque zu Bréissel nach méi däitlech bewosst ginn: et goung ëm Digitaliséierung vun der Aarbecht, woubäi d’Politiker, d'Gewerkschaftler, d’Responsabel vu soziale Mouvementer just geklot hunn, dass d'Digitaliséierung jo leider erëm dozou féiert, dass mir manner Aarbecht hunn an de Chômage an d’Luucht geet. Keen, awer och keen huet sech d’Fro gestallt, wéi dann déi Gesellschaft kéint ausgesinn, wann d’Produktivitéit e grousse Sprong no vir mécht. Mir denken d'Zukunft vun der Aarbecht nach ëmmer an der Gesellschaft vu gëschter.

Dir kënnt elo soen: a wéi eng Utopie proposéiert dir dann?

Fir mech ass et kloer, dass mir d’Klima an d’Ëmweltfro nëmme léise kënnen, wa mir eis Gesellschaft, an dozou gehéiert och d’Wirtschaft, nei organiséieren. Mir mussen ophalen, de Produktivitéitsgewënn just dofir ze benotzen, nach méi ze consomméieren. Mir musse radikal eis Aarbechtszäit erofsetzen, dat heescht eis erëm Zäit ze ginn, fir selwer en Deel vun Aarbecht doheem ze maachen, an esou d’Méiglechkeet ze hunn, d’Ressourcen anzespueren. Als Beispill kënne mir d’Iessen huelen: mir hu keng Zäit méi, fir e Gaart ze maachen, keng Zäit, fir selwer eppes ze kachen, mol keng Zäit méi, fir akafen ze goen. Mäin Dram vun der Zukunft heescht "Entschleunegung", 20 Stonnen Aarbechtszäit mat engem méi gerechte Lounsystem. Mir brauchen déi Zäit, fir manner ofhängeg ze gi vun der industrieller Consommatioun an och fir eng méi inklusiv Gesellschaft opzebauen. Mir wäre jo all frou, wa mir méi Zäit hätte fir d‘Kanner an déi al Leit, méi Zäit, fir mam Vëlo oder mam Zuch ze fueren an esou weider. Och wann elo nach vill Froen opbleiwen, fir sou e Modell konkret ëmzesetzen, ass et Usaz aus deem een eng konkret Visioun kann entwéckelen, déi nohalteg a sozial ass.

Eng Utopie, iwwert déi mir gäre kënnen diskutéieren, ënnert der eenzeger Bedingung, dass et nach aner Utopië ginn an dass mer net just no hanne kucken, mee eng optimistesch Zukunftsvisioun fir all Mënschen entwéckelen.