Sozial responsabel sinn

D'Anne Goeres / © Yves Kortum
D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, gëtt en Abléck op déi sozial Responsabilitéit vun de Betriber.
Wat heescht et sozial responsabel ze sinn oder sozial responsabel ze handelen?
E Betrib ass sozial verantwortlech wann de Management sozial an ekologesch Froen a Kaf hëlt.
All Betrib, ganz onofhängeg vu Gréisst oder Aktivitéit, ka sech sozial verantwortlech asetzen. An et geet och net duer ze mengen, dat dëst just eppes fir déi grouss Betriber ass, och déi kleng Strukture si gefrot.
Et gi verschidden Niveaue vun Engagement.
Den éischten Niveau entsprécht der legaler Base: dat sinn déi Betriber, déi sech un d’Reegelen, un d’Gesetzer halen, déi sech asetzen fir d’Schutz vun de Mataarbechter, de Cliente an der Ëmwelt.
Den zweete Niveau vun Engagement ass fir déi Betriber, déi entscheeden, méi wéi just de legale Kader ze respektéieren. Déi setze sech fräiwelleg fir besser Konditiounen an, wei zum Beispill méi wéi just déi ekologesch Standarden ze respektéieren oder sech nach méi fir d’Wuelbefanne vun de Mataarbechter z’engagéieren.
Den drëtten a leschten Niveau ass deen, deen eis ONGen och interesséiert. Op dësem Niveau Engagement, entsti Partnerschafte mat net gouvernementalen Organisatiounen. Dat heescht, de Betrib geet méi wäit a sengem Engagement an ënnerhëlt Sponsoring oder Mecenat. Dëst ass virun allem méiglech am sozialen, ekologeschen, artisteschen oder sportleche Beräich.
Fir datz e Betrib prett ass, e sozial verantwortleche Betrib ze sinn, si verschidde Konditiounen ze respektéieren. Virun allem muss de Prozess fräiwëlleg sinn an effizient. D’Leit am Betrib mussen driwwer informéiert sinn a sech och drun halen, dat heescht mat engagéiert sinn.
D’Betriber gewannen och villes dobäi: éischtens kënne se doduerch hiren internen an externen Image verbesseren an och aus sozialer Siicht steet de Betrib besser um Aarbechtsmaart do. Déi ekologesch Virdeeler solle respektéiert ginn.
Et ass awer och un eis ONGen de Betriber ze hëllefen, wéi si duerch Partnerschafte mat eis an eng Win-Win Situatioun kommen. Well fir éierlech ze sinn, hu mir ONGen natierlech och enorm vill dovun. Do ass esou munch Partnerschaft mat Betriber einfach onemgänglech an och immens flott.
Wann des Demarche bei de grousse Betriber scho méi laang „gang und gebe“ ass, da wier et flott, wa méi kleng Strukturen all d’Virdeeler vum des sozialer Responsabilitéit géingen erkennen a sech lancéiere géingen.