De Kontakt tëscht der ëffentlecher Schoul an der Wirtschaft ass villen net geheier a gëtt och dës Ëfteren an der Presse kritiséiert. Ob zu Recht a wéi d’Schoul Här am eegenen Haus bleiwe kann, doriwwer handelt haut d’Carte Blanche vum Economist Marc Muller.

AUDIO: Carte Blanche vum Marc Muller

Ëmmer méi Schülerinnen a Schüler profitéiere vun enger grousser Zuel ausserschoulescher Aktivitéiten, déi hinnen ënnert anerem Beruffer, Wirtschaft, Finanzen, Fuerschung a Politik méi no bréngen. Zousätzlech fërderen dës Aktivitéiten iwwergräifend Kompetenzen, wéi Entrepreneurship, Teamwork a Kreativitéit.

Ugebuede gi méi wéi 80 Aktivitéite vun iwwer 30 verschiddenen Acteuren, wéi der Chambre de Commerce, dem Science Center, der Chambre des salariés, dem Fonds national de la recherche, der Bankevereenegung ABBL, der Chambre des métiers, der Industriellen-Federatioun FEDIL oder dem Service National de la Jeunesse. D’Welt dréint ëmmer méi séier an technesch Innovatiounen, wéi Digitalisatioun a kënschtlech Intelligenz schafe reegelméisseg nei Themefelder, duerch déi neit Wëssen an nei Kompetenzen un déi zukünfteg Generatioune vermëttelt musse ginn: entweder direkt an den obligatoresche Schoulcoursen an/oder, wann et Sënn mécht, vun externen Intervenanten.

D’spezifesch Fachkompetenz a Praxiserfarung vun den externen Intervenants, gekoppelt mat de pädagogesche Kompetenze vum Léierpersonal, mussen duerfir d’Vernetzung vun der Schoul mat der Gesellschaft an der haiteger Zäit verdéiwen. Wat fréier traditionell d’Schoul, d’Noperschaft, d’Frënn an d’Famill geleescht hunn, muss haut duerch nei Konzepter an Acteuren ergänzt ginn. Besonnesch och fir d’Chancëgläichheet tëscht Kanner aus ënnerschiddleche soziale Milieuen ze fërderen.

Natierlech huet d’Medail vum Kontakt “mam richtege Liewen” zwou Säiten: Wann d’Schüler zB konkret Orientatiounshëllef fir Studien a Beruff kréie sollen, dann ass de Kontakt “um Terrain”, mat Leit aus de Betriber, also mat der Wirtschaft, eng noutwendeg Konditioun dofir.

Mä fir datt d’Kierch am Duerf bleift, ass awer eng inhaltlech a pädagogesch Ofstëmmung mat der Schoul, esou wéi eng deontologesch Ëmsetzung a Qualitéitskontroll vun den erwënschten Ziler duerch den Educatiounsministère noutwendeg.

Aus dëse Grënn a fir iwwerhaapt aus der oniwwersiichtlecher Vilfalt vun den Aktivitéiten eng sënnvoll a koordinéiert Offer ze schafen, déi dann och bei ALL Schüler ukënnt, brauch et en neit Organ, eng Fondatioun oder Asbl, gegrënnt als Partenariat vu Ministèren, Chambren, Fuerschung etc.

Dëst neutraalt Organ zentraliséiert an zertifiéiert all extern Offer, integréiert se kalendaresch an inhaltlech sënnvoll an d’Schoulwochen a kommunizéiert se iwwersichtlech un d’Lycéeën. D’extern Interventioune ginn esou qualitativ nach méi héichwäerteg an d’Risike vun enger vermeintlecher Kommerzialiséierung vun der Lëtzebuerger Schoul agegrenzt a steierbar.