OUNI!

Ouni d’Äerd kann de Mënsch net iwwerliewen. Si ass eis wäertvollst Ressource, an nach derbäi steet se eis - à la Base fir näischt - zur Verfügung. Sou wéi mir awer dermat ëmginn, schéngt d’Spréchwuert ze gëllen: wat näischt kascht, wat näischt ass.
Méi wéi 7.500 Schüler a Studenten op der Strooss fir sech géint CO2-Emissiounen a fir eis Ëmwelt anzesetzen.
Ouni d’Äerd kann de Mënsch net iwwerliewen. Si ass eis wäertvollst Ressource, an nach derbäi steet se eis - à la Base fir näischt - zur Verfügung. Loft fir z’ootmen, Waasser fir ze drénken, Feier fir ze wiermen an d’Äerd fir drop ze wunnen. 4 Elementer, déi mir brauche fir ze liewen an déi fir jiddereen - wann och iwwer eng ongläich Verdeelung - disponibel sinn. Sou wéi mir mat eiser Äerd ëmginn, schéngt d’Spréchwuert ze gëllen:
wat näischt kascht, wat näischt ass.
Ouni z’iwwerleeën, gi CO2-Emissiounen, zum groussen Deel fir eise Komfort a Luxus an net fir liewenswichteg Zwecker, an d’Atmosphär ausgestouss. Fir Geld kann ech mir alles kafen, firwat soll ech also Aschränkungen agoen? Ech bezuele jo derfir. Sou gëtt säit Joerzéngten, lues awer sécher eise Liewensraum futti gemaach.
Ouni Récksiicht virun eise Matmënschen an deenen, déi no eis kommen. Genee dëst ass de Punkt, wourëm sech alles dréit. Egal ob am Alldag, op der Schaff oder op der Strooss, respektlost Verhalen ass an eiser Gesellschaft omnipräsent a generell gedult.
Sëtzt eng Persoun hannert dem Steier, schéngen de Verstand ausgeschalt an all d’Ëmgangsreegele vergiess ze sinn. Am Auto, wou anscheinend kee mech erkennt, kann ech maache wat ech wëll. Ouni ëmzekucke Virfaarten huelen, Vitesseaschränkungen ignoréieren, Knascht aus dem Auto entsuergen: wahllos Zigaretten, Pabeier, eidel Béchsen a sou munch Aneres an d’Natur geheien. An d’Lëscht ass nach laang.
Ouni Respekt gi vum Mënsch an oniwwerluechtem Rhythmus, limitéiert Ressourcen opgebraucht an d’Natur duerch falsch Produktiounsmethode futti gemaach. D’Liewensmëttelindustrie zitt alles aus der Natur eraus, mä gëtt wéineg zréck. Eis Gesellschaft freet no méi. Trotzdeem fléien zu Lëtzebuerg all Joer 123 Kilo Liewensmëttel pro Kapp an d’Dreckskëscht.
Duerch dëse Krees gëtt den Drock op d’Produktioun ëmmer méi grouss, Präisser gi gedréckt, d’Leit déi schaffen, sinn eng Nummer an der Aarbechtswelt. Et gëtt kee Respekt a keng Zäit méi fir dat Mënschlecht. Dat eenzegt, wat zielt ass « ëmmer méi »: méi schéin, méi grouss, méi wäit, méi schnell.
De Mënsch, als dat eenzegt intelligent Wiesen op der Welt, schéngt also trotzdeem nëmmen eng gewëssen Zort vun Intelligenz ze hunn, déi schnell u seng Grenze stéisst, sief et duerch Muecht, Geld oder Schein-Iwwerleeënheet. De Respekt virun der Natur, der Äerd an dem Universum ass do net abegraff, souwäit funktionéiert d’Gehir leider net méi.
Ouni mënschlech Intelligenz géif d’Äerd vläicht besser iwwerliewen… Kënnen déi mënschlech Roboter dës Roll vläicht besser iwwerhuelen? Da géif ech mir wënschen, datt dës Roboter ganz schnell de Mënsch a senge Basisfunktiounen ersetzen an esou de Respekt nees als moralesche Wäert aféieren.