Mee 1968 huet e Kaploun aus engem grousse brittesche Spidol 2 verschidden Elteren zesummebruecht, déi ëm hir Kanner getrauert hunn: der enger Koppel hire Bouf louch um stierwe wéinst engem Autosaccident, an der anerer Koppel hiert Kand hat Kriibs am Endstadium.

Déi zwou Famille Lawley an Henderson hu gemierkt, andeems si zesumme geschwat hunn an deelweis och zesumme getrauert hunn, wéi vill Trouscht hinnen dat géing bréngen an hunn du knapp e Joer drop eng Organisatioun gegrënnt, fir weider Famillen an der selwechter Situatioun ze hëllefen.

Carte Blanche vum Anne Goeres

1997 hu si dunn all zesummen de “Worldwide Candle Lighting Day” an d’Liewe geruff, fir d’Famillen z’ënnerstëtzen, déi ëm e verstuerwent Kand traueren. Trotz, datt dësen Dag no bei de Feierdeeg ass, huet en absolut näischt mat traditionellen oder reliéise Feierlechkeeten ze dinn. Wann e Kand stierft, da brieche Welten zesummen. Et gëtt och keng Zauberformel, fir déi gebrachen Häerzer ze heelen an déi Lächer ze fëllen, déi déi Kanner hannerloossen. An dat, onofhängeg vum Alter vum Kand an onofhängeg dovun, ob den Doud onerwaart oder no enger laanger Krankheet agetraff ass. De Wee vun der Trauer, deen d’Elteren, d’Grousselteren an d’Gesëschter erliewe mussen, ass e ganz schwéiere Wee. Een, deen op deem Wee ass, fillt sech oft eleng an isoléiert.

Dofir ass de “Worldwide Candle Lighting Day” an d’Liewe geruff ginn, fir déi betraffe Famillen net eleng ze loossen an den Dag kann Trouscht an Ënnerstëtzung mat sech bréngen. All Joer ginn den 2. Sonnden am Mount Dezember honnerte vun Opriff duerch d’ganz Welt, fir Käerzen opzestellen an dëst mat der Ënnerstëtzung vu Privatleit, Kierchen, Spideeler, Kierfechter, Schoulen a Gemengenhaiser.

Zu Lëtzebuerg ass dësen Dag net bekannt, awer villäicht kënne mer zesummen drun deelhuelen an domadder Thema Doud bei Kanner opgräifen, e léiwe Gedanken deele mat enger Famill, déi e Kand verluer huet, hinnen nolauschteren oder och nëmme ganz einfach fir en Dag eng Käerz ufänken. E klenge Gest mat grousser Bedeitung an dësen Zäiten déi jo eigentlech sollte besënnlech a feierlech sinn.