De rezente Korruptiounsskandal am Europaparlament schléit héich Wellen an dat ëmsou méi, well eng deemoleg Vizepresidentin vum Parlament doranner verwéckelt ass, déi jo misst eng Virbildfonctioun hunn.

Doduerch gëtt leider déi ganz Institutioun diskreditéiert, wéi och d’Politik an d’Politiker am Allgemengen.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

De Phänomen vun der Korruptioun beschränkt sech awer net nëmmen op d’Politik. Och de Sport, an d’Privatwirtschaft sinn dovu betraff. Net emol d’Justiz ass vun dësem Fléau verschount, wéi e rezent Beispill vun engem presuméiert korrupte Procureur général an Däitschland weist. Hie selwer war esouguer bis dohin als een vun de prominenteste Korruptiounsbekämpfer ugesinn.

Elo gëtt vun alle Säiten no méi Transparenz an no méi strengen Codes de déontologie geruff. Dat ass zwar verständlech, mee ech bezweifelen, dass dat vill nëtzt.

De Verhalenskodex vum Europaparlament gesäit elo scho fir, dass seng Membere keng Suen oder Sachleeschtungen däerfen unhuelen a mussen all Situatioun evitéieren, déi kënnt als Bestiechung oder Korruptioun ugesi ginn. Dat  misst a sech jo eigentlech selbstverständlech sinn ouni dass dat explizitt an engem Text festgehale get. Och am Sport wéi beim CIO oder der FIFA, genee esou wéi an der Privatwirtschaft ginn et Ethiks Coden.
En Transparenzregëster an deem opgelëscht gëtt, wie mat weem a wéini Kontakt hat, seet net vill aus, well et och d’Roll vum Politiker ass, Interessevertrieder z’empfänken, fir e besseren Iwwerbléck an engem Dossier ze kréien, fir sech ze informéieren a fir bei Decisioune kënnen en connaissance de cause ze tranchéieren. Am Fong erschwéieren esou Regëster de Politiker hir Aarbecht, ouni datt d’Korruptioun awer verhënnert gëtt, ofgesinn vum zousätzlechen administrativen Opwand.

En Transparentsregëster, egal a wéi engem Beräich brengt näischt esou laang et Mënsche ginn déi sech kafe loossen an esou laang et Mënsche ginn déi mengen et kënnt ee sech alles kafen.

Jiddereen, a besonnesch Persoune mat vill Responsabilitéit, weess jo, dass ee sech net kann an net däerf kafe loossen. Bestiechlech Leit hunn nun eben keen Éieren- a kee Wäertgefill. Dat ass erschreckend.

Dofir kënnt et schlussendlech op den Anstand an d’Integritéit vun de Mënschen un. An dat huet een, oder et huet een et net. Dorunner ännert och dat beschte Gesetz oder Reglement näischt.