Aus engem Rapport vun der "Organisation International du Travail" geet ervir, datt ablécklech eng 50 Millioune Mënsche weltwäit ënnert Sklaverei leiden. Do däerfe mir net ewechkucken a mir mussen alles drusetzen, fir datt d'Sklaverei ee vir allemol verschwënnt. Besonnesch d'Lëtzebuerger Finanzplaz, déi sech zu Recht als Finanzplaz vun der nohalteger Finanz duerstellt, kann hei ee grousse Beitrag leeschten.

Carte Blanche vum Michel Maquil

Wann een dat Wuert "Sklav" oder "Sklaverei" héiert, dann denkt ee spontan un een däischtert Kapitel vun der Geschicht, dat iergendwéi um Schluss vum 19. Joerhonnert op en Enn komm wier. Ëmsou méi ass een da verwonnert, wann een dee brisante Rapport liest, deen d'Organisation Internationale du Travail (OIT) zu Genf kierzlech verëffentlecht huet *. Do stellt ee fest, datt hautdesdaags weltwäit eng 50 Millioune Mënschen a moderne Forme vu Sklaverei liewen, vun deenen ee Véierel Kanner sinn. Dat ass 1 Awunner op 150, an dat am 21. Joerhonnert.

De Begrëff Sklaverei, betrëfft Mënschen, déi géint hire Wëlle gezwonge ginn, ze schaffen oder sech ze bestueden **. Et fält och op, datt iwwerall an de leschte Joeren d'Sklaverei staark zougeholl huet an dat net nëmmen an den Entwécklungslänner. Esou si ronn d'Hallschent vu de Fäll vu Sklaverei a Länner, déi méi wäit entwéckelt sinn. An Europa betrëfft et 600.000 Leit.

Eng Bevëlkerungsgrupp wéi déi vun de Migranten ass besonnesch enger Gefor vu Sklaverei ausgesat well se op hirem laange Wee meeschtens skrupellose Mënschenhändler ausgeliwwert sinn. Esou zum Beispill huet Europol 2016 matgedeelt, datt eng 10.000 Kanner, déi eleng geflücht waren, einfach verschwonne sinn ***. Et weess keen, wat mat hinne geschitt ass. Vill vun hinne wäerten an d'Hänn vu kalbliddege Kriminelle gefall sinn

Et kann een an et däerf een net ewechkucken, wann een esou Ziffere gesäit.

Dat 8. Zil vun de 17 nohaltegen Entwécklungsziler, déi d'Staategemeinschaft (UNO) sech gesat huet ****, bestëmmt, datt bis 2025 d'Sklaverei vu Kanner net méi dierf bestoen an déi vun den Erwuessene bis 2030. Mir sinn nach wäit vun deem Zil ewech.

Fir awer esou no wéi méiglech un dat Zil erun ze kommen, misst och alles dru gesat ginn, wat gemaach ka ginn.

Hei denkt een dann un déi ambitiéis Ziler, déi d'Acteure vun der Finanzplaz sech ginn hunn, fir nohalteg z'investéieren. Ee vun den allerwichtegsten Ziler misst dach sinn, fir nëmmen a Gesellschaften z'investéieren, déi noweislech an hire Liwwerkette keng Aktivitéiten hunn, wou Leit schaffen, déi ënner Sklaverei leiden an hei besonnesch Kanner. Jiddefalls misst ee sech zu Lëtzebuerg mat grad esouvill Energie dofir asetzen, wéi een dat mécht, fir datt net méi an d'Atomenergie investéiert gëtt.

Da sollen déi europäesch Regierungen, an och d'Europäesch Unioun, sech gutt iwwerleeën, wann se Accorde mat Länner aginn, an deenen eng héich Proportioun vun der Bevëlkerung ënnert de Sklaverei leit an zemools, wann et Länner sinn, wou d'Sklaverei nach staatlech organiséiert gëtt.

Michel MAQUIL
Féieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
Fräie Wirtschaftsberoder

Verlinkungen

*) https://www.ilo.org/wcmsp5/groups/public/---ed_norm/---ipec/documents/publication/wcms_854796.pdf an https://www.ilo.org/global/topics/forced-labour/lang--fr/index.htm
**) https://www.walkfree.org/what-is-modern-slavery/
***) https://www.theguardian.com/world/2016/jan/30/fears-for-missing-child-refugees
****) https://www.undp.org/fr/sustainable-development-goals#decent-work-and-economic-growth