De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt, dass wann ee sengem Géigeniwwer pauschal virwerft, hien oder hatt wär vun enger Ideologie gestéiert, da verbaut een ...

... éischtens d’Méiglechkeet zum konstruktiven Dialog an et weist een zweetens, datt een net verstanen huet, wat eng Ideologie ass.Anere virzewerfen, si wären “ideologesch” ass eng geleefeg Taktik an der politescher Debatt, fir de Géigner a seng Argumenter pauschal ze diskreditéieren a sech net domadder mussen ze beschäftegen. Déi, wou hire Géigeniwwer “ideologesch” nennen, stelle se sech selwer gären als net-ideologesch duer. Domadder suggeréiere se, dass “déi Aner” dogmatesch, net-faktebaséiert, wansinneg, stuer, blann oder Änleches wären. Si diskreditéieren dës Persounen an implizéieren, datt hir Argumenter souwisou net derwäert wären, fir gelauschtert an diskutéiert ze ginn. Si selwer wären déi Eenzeg, déi no de Fakte géife kucken a keng Ideologie hätten, wat awer weder méiglech nach wënschenswäert ass.

Dës Praxis ass geféierlech fir eis Demokratie, well se zu engem Klima vu Polariséierung a Spléckung féiert. Domadder schaaft een eng Mentalitéit vum “Si géint eis”, déi et schwéier mécht, fir ee Konsens ze sichen a fir u gemeinsame Léisungen ze schaffen. Dat kann dozou féieren, dass de politeschen a gesellschaftlechen Dialog komplett ofgebrach gëtt an een toxescht Ëmfeld entsteet, wou weder ee fräien Austausch vun Iddie stattfanne kann, nach eng konstruktiv Debatt méiglech ass.

Ganz onofhängeg dovun, wei d’Argumenter vum Géigeniwwer ze bewäerte sinn, heescht „Ideologie“ awer eppes komplett Aneres wéi oft ugeholl gëtt. Eng politesch Ideologie ass, staark vereinfacht, e Set vu koherenten an zesummenhänkenden Iddien, Wäerter an Ziler.

De Begrëff “Ideo-logie” ass am Kontext vun der Opklärung entstanen, wou een der reliéiser Dogmatik eng "Wëssenschaft vun den Iddien" entgéintsetze wollt. Ideologie war do de Géigendeel vun deem, wéi de Begrëff haut oft benotzt gëtt. Säitdeem ass e queesch duerch d’Geschicht ëmmer rëm verdréint ginn. Dass en haut eng negativ Konnotatioun huet, huet awer méi mat de konkreten Inhalter vu gewëssen Ideologie, wéi mam Begrëff selwer ze dinn.

Eng Ideologie ze hunn an domat ze schaffen, ass näischt Schlechtes, am Géigendeel. Doriwwer eraus huet Ideologie iwwerhaapt näischt mat der Fro no Faktebaséiertheet ze dinn. Eng Ideologie ka faktebaséiert sinn, muss et awer net. All Partei huet eng Ideologie, woubäi se bei populistesche Parteie manner staark ausgepräägt ka sinn, well d‘Koherenz vun den Iddien dem Drang no Profiléierung weeche muss („de Leit dat erzielen, wat se héiere wëllen“). Eng Partei ganz ouni Ideologie wier e renge Selbstzweck.

Ech géif mer dofir wënschen, dass mer all op "Ideologie", als negativ gepräägte Kampfbegrëff, géife verzichten. Wann een Eppes u sengem Géigeniwwer ze kritiséieren huet, da soll een dat konkret benennen, anstatt e pauschal mat engem falsch verstanenen Ideologiebegrëff ze diskreditéieren.