Sproochepolitik a Bildungspolitik

De Bildungsminister an d’Schoul-Schäffin vun der Stad diskutéieren nächsten Dënschdeg op enger Table ronde iwwer d’Erausfuerderunge vun onsem Sproocheregimm fir onse Schoulsystem
De Soziolinguist Fernand Fehlen ass och invitéiert a freet sech, wat en do bäidroe kann.
Déi meescht Elteren hunn e Ranking vun de Schoulen am Kapp a si wëssen, wouhin se hir Kanner schécke mussen, fir hinne méiglechst vill Chance mat op de Wee ze ginn. Déi Wéinegst wëssen awer, datt et tatsächlech och en offizielle Ranking* gëtt. Dësen ass definéiert iwwer de familiären, sozialen a sproochleche Background vun de Familljen. En ass ageféiert ginn, fir de Schoule mat enger benodeelegter Populatioun zousätzlech Mëttel ze ginn, fir d’Schülerinnen an d’Schüler besser ze encadréieren. Déi Gemenge mat deene meeschte benodeelegte Kanner sinn haaptsächlech am Minett. Am Ranking vun de Schoulgebaier steet d’Schoul vum Garer Quartier an der Stad op der éischter Plaz.
Ech weess net op e Zoufall ass, datt Table ronde genau do ass, mee et ass dee richtegen Uert, fir iwwer d’Sakgaass an déi onse Schoulsystem geroden ass, ze diskutéieren. Eng Sakgaass, déi entstanen ass, well mer un enger Dräisproochegkeet festhalen mat enger spezifescher Aarbechtsdeelung an Hierarchie tëschent de Sproochen, déi mer aus dem leschte Joerhonnert geierft hunn, déi haut awer iwwerlieft ass.
Iwwer d‘Hallschent vun de Kanner an der Grondschoul hu Lëtzebuergesch net als Familljesprooch. De Curriculum geet awer dovun aus, datt se et kënnen a vermëttelt hinnen d’Däitsch mat enger Method fir Mammesproochler. Doduerch sinn hir Chance vun Ufank un ageschränkt. Wa se duerch de System gaange sinn, hu se Lëtzebuergesch trotzdeem geléiert, dofir si si d’Zukunft vun onser Sprooch.
Eng Sproochepolitik, déi Lëtzebuergesch als gemeinsamen Nenner vun der Gesellschaft erhale wëllt, muss et och an hirer Schoul enseignéieren. Sécher, ons Sprooch ass eng jonk an eng kleng Sprooch. Hire Kommunikatiounsradius an hir kulturell Produktioun si bescheiden. Mee wa mer se weider zu enger Kultursprooch ausbaue wëllen, da féiert kee Wee laanscht hiren Enseignement an der Schoul.
Ech sinn iwwerzeegt, datt och Mammesproochler eppes dovun hätten, och wann dëst op Käschte vun deenen zwou aner Sprooche geet. Well d’Resultat hänkt net nëmme vun der Zuel vun de Unterrechtsstonnen of, mee och vun de Methoden an der Motivatioun.
Dofir mäin Message: Sproochepolitik muss och Bildungspolitik sinn.