D’Wuesstemsfal

De Gast Gibéryen befaasst sech a senger Carte Blanche mat der Wuesstumsfal an hiren negative Konsequenze fir eist Land an déi kommend Generatiounen.
Kierzlech huet de Statec déi neiste Chifferen iwwert eist Land publizéiert am Zesummenhang mat der ekonomescher Entwécklung. Ee Chiffer ass besonnesch opgefall, an zwar deen, dass déi lescht zéng Joer am Schnëtt all Joer 13.000 zousätzlech Leit an eist Land wunne komm sinn.
D’Populatioun ass vu 500.000 am Joer 2010 op 650.000 am Joer 2022 eropgaangen. Dës Bevëlkerungsexplosioun ass d’Resultat vun engem politesch onkontrolléierte Wuesstem. D’Konsequenze kënne mir mëttlerweil alleguer a kréie se all Dag méi ze spieren. 13.000 zousätzlech Awunner bedeiten, dass all Joer 5.000 zousätzlech Wunnenge misste gebaut ginn. Dëst nieft dem Retard, dee sech schonns iwwert Joren ugestaut huet.
Wa mer weider esou wuessen, ginn d’Präisser weider massiv erop an d’Land gëtt weider zoubetonéiert.
Zu deenen 13.000 neie Bierger kommen dann nach all Joer zousätzlech 8.000-9.000 Grenzgänger derbäi. Zesummen also iwwer 20.000 Leit weider am Land pro Joer, vun deene jidderee sech all Dag beweegt, fir op d’Aarbecht, an d’Schoul, Akafen, Sport, Kultur oder mat Frënn zesummenzekommen an esou weider.
De Verkéierskollaps gëtt automatesch méi grouss a mir kommen net méi no mat den Investitiounen am Stroossebau an am ëffentlechen Transport.
Mee déi negativ Konsequenze spiere mer net nëmmen am Wunnengsbau a Stauen op de Stroossen an am ëffentlechen Transport. Mir spiere se praktesch an allen Domainer: d’Kriminalitéit geet erop, mir hunn net genuch Polizisten, Dokteren, Personal am Gesondheetssecteur, Léierpersonal, Handwierker, asw. D’Land gëtt zoubetonéiert an an e puer Joer musse mir aus der Musel Drénkwaasser maachen. Net ze schwätze vum sozialen Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft an der domat verbonnener Integratioun vun esou ville Leit.
Déi Leit a Politiker, déi net wëllen iwwer d’Wuesstemsproblematik diskutéieren, kommen ëmmer mam Argument, mir bräichten de Wuesstem, fir eis Pensiounen ze bezuelen. Näischt ass méi falsch wéi dat. Fir eng Pensioun ze bezuelen, brauche mir zwou an eng hallef Persounen, déi schaffen. Haut schaffe 420.000 Leit hei am Land. Also wësse mer haut schonn, dass mir a 40 Joer op d’mannst 420.000 Leit an der Pensioun hunn an dann awer och iwwer 1000.000 Aarbechtskräfte mussen hunn, an déi Progressioun geet ëmmer méi schnell weider.
Wie wëll esou eng Entwécklung? Kee verstännege Mënsch.
Dat wichtegst Thema, dat mir also hunn, ass d’Wuesstemsproblematik. Si ass d’Ursaach vu bal alle grousse Problemer, déi mir am Land hunn.
Déi Leit, Politiker a Parteien, déi refuséieren, heiriwwer ze diskutéieren, vun Handele guer net ze schwätzen, aus wat fir enge Grënn och ëmmer, beginn e Verbrieche vis-à-vis vun der Zukunft vun dësem schéine Land, a ganz besonnesch vis-à-vis vun de kommende Generatiounen.