Dëst Joer huet och dat akademescht Liewen säin normale Wee nees fonnt, nom Covid, a vill Studenten hunn hiert Studium nees op der Uni opgeholl fir duerchzestarten. Eng gutt Geleeënheet, fir mat e puer vun hinne sech auszetauschen, wéi si Lëtzebuerg gesinn.

De Marc Hostert ass mat e puer Studenten op Colloquen a Coursen op d'Fro agaangen, firwat se Lëtzebuerg als Studieplaz gewielt hunn.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Si komme vun no a wäit fir zu Lëtzebuerg op der Uni ze studéieren. Déi eng hu Lëtzebuerg scho kannt, anerer komme mat hirer Wallis um Findel oder op der Gare un a si fir déi éischte Kéier hei am Land.

Gläich virop meng Gespréicher si sécherlech net representativ, mee ginn trotzdeem e klengen Aperçu wéi Studenten eist Land gesinn an erliewen.

Den éischten Androck, deen d'Studenten hunn, ass, dass eist Land propper ass an, dass den Transport fir Bierger gratis ass, wat natierlech e positiven Effet op dem Student säi Budget huet. D'Sproochevillfalt, eng europäesch a Finanz-Haaptstad, déi oft an de Medien ass, mee och déi méi wéi attraktiv Studiegebühre maachen, dass vill vun hinnen sech op der Uni.lu aschreiwen, fir hei an de Genoss vun enger gudder an unerkannter Ausbildung ze kommen.

Bis dohinner ass nach alles an der Rei, mee de Sproch "Studienjahre sind keine Herrenjahre" gëllt selbstverständlech och hei am Land. Studenten hunn déi selwecht Problemer wéi vill vun eis a Punkto Logement, Stau op de Stroossen, Ausfäll vun Zich etc. mee och zousätzlech Erausfuerderungen hunn se, wéi déi vun der Integratioun an eiser Gesellschaft. Verschiddener sinn enger gewëssener Friemefeindlechkeet ausgesat. Vill vun hinne liewen déi Säit der Grenz, als Frontalier, well se do eng Wunneng fonnt hunn.

Besonnesch interessant gëtt et awer wann ee Studente freet, wéi si eis Gesellschaft gesinn. Wat si méi laang schonn hei sinn, wat hier Aussoe selbstverständlech méi ausgefeilt sinn. Dräi Froe kommen hei als Resumé ëmmer nees erëm.

1)Wéi kann ee Matbierger a Studenten hei am Land besser integréieren a punkto Representativitéit a Legitimitéit op allen Niveauen, mee och an de Klipp an um gesellschaftleche Liewen?

2) Wou gëtt de Gesellschaftleche Konsens, den Dialog national, gesicht, gi Konsultatione vum Vollek gemaach, wëssend dass d'Tripartite fir Studenten aus dem Ausland kee Begrëff ass?

3) Ass Lëtzebuerg e Land wou ech mäin privat a berufflecht Liewen no mengem Studium laangfristeg ausübe kann?

Et wär gutt wa mer am Kader vun de Studien, speziell den auslännesche Studenten eng gewësse Luxemburgensia a hire Stonneplang abaue géifen, fir dass si eist Land besser verstinn a sech besser abrénge kënnen. E groussen Deel vun dëse Studenten, déi aus dem Ausland kommen, sollen, mussen hei am Land bleiwen als Dokter, Ekonomist, Ingenieur oder Jurist etc. wa mir dëse Wirtschaftsmodell wëlle weider féieren. Dofir, mee net nëmmen dofir, musse mir hir Froe beäntwerten, well net nëmme Lëtzebuerg gutt ausgebildend Käpp brauch an verzweiwelt sicht.